Formel 1Red Bull soll dee beschte Motor hunn, d'Konkurrenz dierf nobesseren

Tom Nols
Dominique Riefstahl
Nom Grousse Präis vu Kanada huet d'FIA mat Hëllef vum ADUO-Instrument all d'Motoren op hir Leeschtung iwwerpréift. D'Resultater sinn zum Deel iwwerraschend an den aktuelle Primus Mercedes dierf souguer weider oprëschten.
De Red Bull/Ford Motor soll dee stäerkste vun der Generatioun 2026 sinn
De Red Bull/Ford Motor soll dee stäerkste vun der Generatioun 2026 sinn
© FLORENT GOODEN/DPPI via AFP

No der éischter Ronn ADUO (Additional Development and Upgrade Opportunities), wouduerch de Konstrukteure vun de Motoren zousätzlech Entwécklungs- a Verbesserungsméiglechkeeten erlaabt ginn, ass de Resultater vun de FIA-Tester no de V6-Motor vu Red Bull Powertrains / Ford dee beschten am Feld. En zweeschneidegt Schwäert fir d'Ecurie vum véierfache Weltmeeschter Max Verstappen. Engersäits hu si et zwar aus dem Stand fäerdegbruecht, konkurrenzfäeg ze si mat enger kompletter Neientwécklung a verdéngen dofir Unerkennung. Anersäits heescht dat awer och, datt d'Performance vun hirem Chassis ze wënschen iwwreg léisst a Red Bull elo net nobesseren dierf bei der Motorleeschtung. Trotz dem Argument, dass hire Motor just bei gewëssen Dréizuelen déi ermëttelt Spëtzeleeschtung géif liwweren.

Op Plaz 2 am ADUO-Klassement läit de Motor vu Mercedes-Benz. Domat dierf d'Ecurie, déi d'Saison 2026 bis ewell dominéiert an all Course gewonnen huet, hire Motor nach zousätzlech weiderentwéckelen. Domat haten déi Wéinegst am F1-Paddock gerechent, obschonn et schonn ugangs der Saison geheescht hat, dass de Motor vu Red Bull op d'mannst net dee schlechtste wier. Niewebäi heescht dat och, dass de Chassis vu Mercedes, bis elo, dee beschte vum Joer ass.

Wat seet den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl zum éischten ADUO-Resultat?

Zwou Geleeënheete fir nozebesseren hunn d'Constructeure vu Ferrari, Audi an Honda zougestane kritt. Besonnesch d'Italieener hoffen, doduerch de Réckstand op Mercedes verkierzen ze kënnen, och wann dat net vun haut op muer wäert méiglech sinn.

Wéi funktionéiert ADUO?

De System soll et de Motorsconstructeuren, deenen et u Leeschtung feelt, erlaben, méi entwéckelen ze dierfe fir de Réckstand op d'Motore vun der Konkurrenz opzehuelen. Si kréie fir jeeweils 2 Prozent Leeschtungsdefizit en zousätzlechen Homologatiouns-Token, fir baussent der per Reglement festgeluechter Zäitfënster un hire Motoren ze schaffen. Inclus si méi Stonnen um Préifstand a méi Spillraum an der ieweschter Grenz vum Budget. Facteure wéi Leeschtung vun der Batterie oder Zréckgewanne vun Energie gi bei ADUO net consideréiert. Obwuel se keng onweesentlech Roll spillen.

ADUO ass dowéinst e kontrovers diskutéiert Thema, well den urspréngleche Gedanken dohanner war, en Zenario wéi 2017 z'evitéieren, wéi d'Leeschtung vum Honda-Motor bei Wäitem hannert där vun der Konkurrenz geleeën hat. Séier hat et awer, wéi sou oft an der Formel 1, eng sport-politesch Komponent kritt. Ausserdeem ass ee sech net eens, wéi et 2027 soll weidergoen. D'FIA wëllt fir d'nächst Joer d'Opdeelung vun der Leeschtung tëscht Verbrenner- an Elektromotor a Richtung 60:40 verréckelen. Net all d'Constructeure begréissen déi Iddi.

Back to Top
CIM LOGO