Formel 1Stefano Domenicali: "Final trotz Iran-Krich zu Abu Dhabi"

Tom Hoffmann
Et soll dobäi bleiwen. Trotz dem unhalende Krich tëscht dem Iran an Israel, sollen déi zwou lescht Courssen am Katar an Abu Dhabi gefuer ginn.
Den F1-CEO Stefano Domenicali muss 22 Grand-Prixen organiséieren.
De Stefano Domenicali bestätegt d'Saison-Final zu Abu Dhabi.
© ALBERTO CRIPPA © FOTO Alberto Crippa

D’Formel 1 wëll hire Kalenner net nach eng Kéier wéinst dem Iran-Krich änneren a hält un der geplangter Final fest. De Patron vun der F1 Stefano Domenicali huet an engem Interview bei “Sky Italia” confirméiert, dass d’Grand Prixen am Katar den 29. November an zu Abu Dhabi de 6. Dezember wéi geplangt sollen iwwer d'Bün goen. Domat ass d'Ersatzléisung Imola fir déi lescht Course vun der Saison virleefeg vum Dësch.
 
Och eng Fro vum Geld
 
Fir d'Formel 1 geet et dobäi och ëm vill Geld. Katar an Abu Dhabi bezuelen héich Primmen, fir Deel vum Kalenner ze sinn. Mat Saudi-Arabien ass schonn e Grand-Prix an der Regioun ausgefall. Och de Grand-Prix vu Bahrain gouf wéinst dem Iran-Krich ofgesot a gëtt dëse Weekend a Malaysia um Sepang International Circuit nogeholl.
 
E Verleeë vun der Saisonfinal op Imola wier virun allem fir den aktuelle WM-Leader Kimi Antonelli e besonneschen Highlight gewiescht. De Mercedes-Pilot kënnt aus Bologna a kéint den éischten italieenesche Formel-1-Weltmeeschter zanter dem Alberto Ascari am Joer 1953 ginn.

Back to Top
CIM LOGO