Internationale FuttballBarcelona baut Avance aus, kee Gewënner tëscht Manchester City an Arsenal

Yannick Zuidberg
E Sonndeg stoung an der englescher Premier League den absolutte Spëtzematch um Programm.
© MIGUEL RIOPA/AFP

Bundesliga

SC Freiburg - RB Leipzig 2:2
1:0 Matanovic (11'), 2:0 Eggestein per Eelefmeter (43'), 2:1 Nkunku per Eelefmeter (53'), 2:2 Baumgartner (90+3')

TSG Hoffenheim - FC Augsburg 0:4
0:1 Keitel (12'), 0:2 Rieder (23'), 0:3 Wolf (34'), 0:4 Bah (45+7')

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

FC Everton - FC Liverpool 1:1
0:1 Szoboszlai (5'), 1:1 Selbstgol Frimpong (25')

Am Derby tëscht Everton a Liverpool gouf et e Sonndeg kee Gewënner. Mat engem 1:1 geet dës Partie op en Enn.

Arsenal London - Manchester City 2:2
0:1 Haaland (34'), 1:1 Havertz (40'), 1:2 Fernandez (48'), 2:2 Timber (83')

Am absolutte Spëtzematch koum et zum Duell tëscht dem Leader Arsenal a Manchester City. Iwwerdeems Arsenal mat enger Victoire schonn op 9 Punkten hätt kënnen dovunzéien, hunn d'Citizens misse wannen, fir nach drun ze bleiwen. An dat ass Haaland a Co. dann och e Sonndeg bal gelongen. Duerch e spéide Gol vum Timber geet de Match mat 2:2 aus an d'Gunners behalen hir Avance an der Tabell.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

La Liga

Deportivo La Coruña - FC Barcelona 1:5
0:1 Lamine Yamal (2'), 1:1 Aubameyang (9'), 1:2 Olmo (20'), 1:3 Raphinha (50'), 1:4 Raphinha (83'), 1:5 Raphinha (90+1')

Den FC Barcelona huet sech e Sonndeg souverän mat 5:1 auswäerts géint La Coruña behaapt an domat seng Avance an der Tabell ausgebaut, dat nodeems Real Madrid Punkte géint Alaves leiegelooss huet.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO