Den Iwwerbléck vum internationale FuttballCrystal Palace géint Sechstligist eliminéiert, och Nottingham eraus

Jeff Birsens
An der 3. Ronn vum engleschen FA Cup sinn e Samschdeg schonn zwou Ekippen aus der Premier League erausgeflunn.
Macclesfield's English midfielder #06 Paul Dawson (top L) is hoisted above the crowd as supporters storm the pitch to celebrate the team's victory at the end of the English FA Cup third round football match between Macclesfield Town and Crystal Palace at Leasing.com Stadium, Moss Rose in Macclesfield, northern England on January 10, 2026. (Photo by Darren Staples / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
© AFP

E Samschdeg ass de Ball net nëmmen an enger Rei Championnater, ma och deels an der Coupe gerullt. Sou beispillsweis an England, wou et an der 3. Ronn zu enger richteger Blamage komm ass. Den Titelverdeedeger Crystal Palace huet sech nämlech misse beim Sechstligist FC Macclesfield mat 1:2 geschloe ginn. Och Nottingham Forest gouf am Eelefmeterschéisse vum Zweetligist géint Wrexham eliminéiert.

An der 1. Bundesliga huet de VfB Stuttgart Leverkusen keng Chance gelooss an den SC Freiburg konnt de Match géint Hamburg dréinen.

FA Cup - 3. Ronn

Macclesfield - Crystal Palace 2:1
1:0 Dawson (43'), 2:0 Buckley-Ricketts (60'), 2:1 Pino (90')

Fir den Titelverdeedeger Crystal Palace ass den FA Cup dës Saison schonn nom éischte Match eriwwer. Déi 3. Ronn ass nämlech déi Ronn, an där fir eng éischte Kéier och d’Veräiner aus der Premier League an d’Competitioun gestart sinn. No engem Féierungsgol vum Paul Dawson kuerz virun der Paus war et mat enger Féierung fir den Underdog an d’Vestiairë gaangen. No genau enger Stonn gouf et dann den nächste Schock fir Palace a Form vun engem zweete Géigegol, op deen ee réischt an der 90. Minutt reagéiere konnt. Dat war ze spéit, fir sech nach op d’mannst an d’Verlängerung ze retten a sou war d’Blamage géint de d’Ekipp aus der sechster englescher Liga perfekt.

Wrexham - Nottingham 3:3 (4:3 a.E.)
1:0 Cacace (37'), 2:0 Rathbone (40'), 2:1 Jesus (64'), 3:1 Hyam (74'), 3:2 Hudson-Odoi (76'), 3:3 Hudson-Odoi (89')

Fréizäiteg eriwwer ass d’FA-Cup-Rees och fir den Éischtligist Nottingham Forest, fir deen et am Eelefmeterschéissen eng 3:4-Defaite géint Wrexham gouf. An engem héich interessanten a spannende Match louch den Zweetligist no 40 Minutte mat 2:0 a Féierung. Nodeems d’Gäscht an der 64. Minutt verkierze konnten, war et op där anerer Säit nees d’Lokalekipp, déi d’Féierung eng gutt véierel Stonn viru Schluss nees op 3:1 ausbaue konnt. Zwee spéit Goler vum Hudson-Odoi hunn Nottingham dann awer nach esou just an d’Verlängerung geschéckt. Well do kee Gewënner konnt ausgemaach ginn, ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen, wou den Arthur Okonkwo den decisiven Eelefmeter am Gol paréiere konnt.

Manchester City - Exeter 10:1
1:0 Alleyne (12'), 2:0 Rodri (24'), 3:0 Doyle-Hayes (42'), 4:0 Fitzwater (45+2'), 5:0 Lewis (49'), 6:0 Semenyo (54'), 7:0 Reijnders (71'), 8:0 O’Reilly (79'), 9:0 McAidoo (86'), 9:1 Birch (90'), 10:1 Lewis (90+1')

Tottenham - Aston Villa 1:2
0:1 Buendia (22'), 0:2 Rogers (45+3'), 1:2 Odobert (54')

Charlton - Chelsea 1:5
0:1 Hato (45+4'), 0:2 Adarabioyo (50'), 1:2 Leaburn (57'), 1:3 Guiu (62'), 1:4 Neto (90+1'), 1:5 Fernandez (90+4')

Coupe de France - 1/16-Finall

Orleans - Monaco 1:3
0:1 Balogun (27'), 0:2 Ilenikhena (88'), 0:3 Ilenikhena (90+4'), 1:3 El Khoumisti (90+6')

Bastia - Troyes 0:2
0:1 Ripart (30'), 0:2 Bentayeb (86')

De Florian Bohnert an den SC Bastia sinn no enger 0:2-Defaite géint Troyes eliminéiert.

Serie A

Como - Bologna 1:1
0:1 Cambiaghi (49'), 1:1 Baturina (90+4')

AS Roum - Sassuolo 2:0
1:0 Koné (76'), 2:0 Soulé (79')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

La Liga

Real Oviedo - Real Betis 1:1
1:0 Chaira (64'), 1:1 Lo Celso (83')

Villarreal - Alaves 3:1
1:0 Moleiro (49'), 2:0 Gerard (55'), 3:0 Mikautadze (75')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO