Wéinst dem ville Schnéi am Norde vun Däitschland goufen d’Partië Bremen géint Hoffenheim a St. Pauli géint Leipzig am viraus schonn ofgesot, sou datt e Samschdeg de Mëtteg de Ball um 16. Spilldag nëmmen op dräi Matcher gerullt ass.
Den Tabelleleschte Mainz huet sech mat engem 2:2 géint Union Berlin dräi wichteg Punkten nach spéit an der Partie entgoe gelooss. An der Alten Försterei zu Berlin waren d’Mainzer no onspektakulären éischten 30 Minutte mat 1:0 a Féierung gaangen. Am grousse Ganze war d’Lokalekipp am Spill no vir net aktiv genuch a gouf gutt 20 Minutte viru Schluss dann eng weider Kéier bestrooft. Grad de fréieren Union-Spiller Benedict Hollerbach huet fir d’Gäscht op 2:0 erhéicht. Spannend gouf et dann awer nach eemol duerch den 1:2 an der 77. Minutt. Union huet weider gedréckt a krut sech an der 86. Minutt och duerch e Gol vum Danilho Doecki fir hir Efforte belount.
Duerchgesat huet sech den SC Freiburg mat 2:1 géint den Hamburger SV. No enger éischter Hallschent ouni Goler waren d’Gäscht aus Hamburg kuerz no der Paus duerch e Kappball vum Luka Vuskovic a Féierung gaangen. Den 1:0 sollt awer net all ze laang halen. Nëmmen dräi Minutten drop huet den Daniel Elfadli de Freiburger Ugräifer am Strofraum zum Fale bruecht. Nieft enger Giel-Rouder Kaart gouf et och Eelefmeter fir Freiburg, dee sech de Vincenzo Grifo net entgoe gelooss huet. An Iwwerzuel ass de Freiburger dann nach kuerz viru Schluss den decisive Gol gelongen.
An der drëtter Partie vum Mëtteg hunn Heidenheim an den 1. FC Köln 2:2 gläich gespillt. Zweemol war d’Lokalekipp vun Heidenheim a Féierung gaangen, ma zweemol konnten d’Gäscht dorop äntweren. Um Enn war et ee gerecht Remis fir béid Ekippen.
E Samschdeg den Owend huet dann nach de VfB Stuttgart zu Leverkusen seng ganz Klass gewisen an d’Werkself mat 4:1 geklappt. An enger immens staarker éischter Hallschent waren de Gäscht véier Goler gelongen, dat géint eng Leverkusener Ekipp déi defensiv wéi och offensiv net op der Héicht war. No der Paus huet Stuttgart dann ee Gank zréckgeluecht an d’Haushäre komme gelooss. Déi krute sech doropshin och déi eng oder aner Chance erausgespillt a konnten an der 66. Minutt op 1:4 verkierzen. Dat sollt um Enn awer nëmmen nach optesch d’Resultat verbesseren.
E Freideg den Owend hate sech fir den Optakt vum 16. Spilldag Frankfurt an Dortmund no engem geckege Match mat engem 3:3-Remis getrennt.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de weidere Matcher am internationale Futtball e Samschdeg.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.