Nations LeagueDäitschland wënnt géint Serbien, Portugal setzt sech auswäerts géint Dänemark duerch

Andy Brücker
En Donneschdeg den Owend war et den Optakt vum 3. Spilldag an der Nations League.
Portugal's midfielder #23 Vitinha runs off the ball during the UEFA Nations League Group A4 match between Denmark and Portugal at Parken stadium in Copenhagen on October 1, 2026.
De Vitinha ass just 1m72 grouss, an awer huet hie mat engem Kappball Portugal op d'Gewënnerstrooss bruecht.
© Ritzau Scanpix/AFP

Däitschland huet sech doheem duerch Goler vu Bischof a Wirtz mat 2:0 géint Serbien duerchgesat a kann domadder déi éischt Victoire an dëser Campagne feieren. Géint Holland gouf et jo just e Gläichspill a géint Griicheland hat ee verluer.

Am Match tëscht Dänemark a Portugal sinn net manner wéi 6 Goler gefall. Am Virfeld gouf et jo grouss Diskussiounen, nodeems de Cristiano Ronaldo d'Nationalekipp verlooss hat. Dat war awer séier vergiess, wéi de Match bis ugepaff war, well et war e Match, an deem vill geschitt ass. Portugal hat den 0:1 geschoss, ma Dänemark konnt nëmmen 10 Minutte méi spéit ausgläichen. Allerdéngs huet d'Freed net laang gehalen, well schonn nees just 2 Minutte méi spéit war Portugal nees 2:1 vir. Mat deem Resultat ass et och an d'Paus gaangen. An der 53. Minutt konnt Dänemark duerch den Höjlund op 2:2 ausgläichen. Vitinha a Joao Felix hunn awer an der 67., respektiv der 87. Minutt den Deckel drop gemaach a Portugal feiert am 3. Match déi 3. Victoire.

Weider Resultater:

Aserbaidschan - Liechtenstein 0:0
Griicheland - Holland 2:2
Wales - Norwegen 2:1
Israel - Kosovo 0:0
Irland - Éisträich 2:2
Malta - Gibraltar 1:1

E Freideg kënnt et ënnert anerem zum Duell tëscht Frankräich an Italien, dat um 20:45 Auer. D'Belsch kritt et mat der Tierkei ze dinn a Bosnien spillt géint Schweden.

E Samschdeg dann ass Lëtzebuerg auswäerts géint Estland gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO