Fir den Ofschloss vum Spilldag steet um Sonndeg de Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweete Munneref an dem Leader Stroossen um Programm. Béid Veräiner hunn no sechs Spilldeeg de Maximum vun 18 Punkten um Kont. D'Partie gëtt um 16:00 Auer ugepaff.
Donieft spillt och nach Hesper géint den Opsteiger Walfer an den Opsteiger Rëmeleng kritt et mam Champion Biissen ze dinn.
Hei fannt Dir d'Kadere vun den Ekippen.
Commentaire: Gilles Tricca a Sam Rickal
Start vum Stream: 15.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 18.15 Auer