
Et hat sech déi lescht Deeg ugedeit, elo ass et offiziell. Den Dino Toppmöller gëtt neien Trainer vum franséische Vizechampion RC Lens. De fréiere Coach vun ënnert anerem dem F91 Diddeleng an Eintracht Frankfurt huet fir zwee Joer beim franséischen Coupe-Gewënner ënnerschriwwen. Lens spillt an der neier Saison och an der Champions League.
Den Toppmöller gëtt zu Lens Nofollger vum Pierre Sage.