
Den FC Bayern bleift mat enger 5:0-Victoire géint Stuttgart an dëser Bundesliga-Saison weider souverän ongeschloen. De Münchener war scho fréi am Match de Féierungsgol duerch de Konrad Laimer gelongen. Nom 1:0 krut sech Stuttgart da selwer an de Match etabléiert an hat och déi eng oder aner Chance, op 1:1 auszegläichen. Dat sollt allerdéngs net geléngen a sou huet Bayern an der zweeter Hallschent nach eemol richteg opgedréint. Dräi Goler vum Harry Kane an ee vum Josip Stanisic hunn um Enn fir déi nächst dräi Punkte gesuergt.
Eng Iwwerraschung ass et zu Augsburg ginn, wou ee sech nom Out vum Sandro Wagner mat 2:0 doheem géint Leverkusen behaapte konnt. An enger engagéierter Ufanksphas konnte sech d’Augsburger mat zwee Goler selwer belounen. Op där anerer Säit huet d’Werkself trotz méi Ballbesëtz keng wierklech gutt Chancen erausgespillt krut. Kuerz virun a kuerz no der Paus war Leverkusen zwar no un engem Gol drun, ma méi wéi no dru sollt e Samschdeg awer net eraussprangen, sou datt sech Augsburg um Enn iwwer dräi Punkte freeë kann.
St. Pauli huet dann déi 10. Defaite um Stéck a leschter Sekonn verhënnert krut. Beim 1.FC Köln konnt den agewiesselten Danel Sinani den decisive Gol zum 1:1-Endstand an der 94. Minutt fir de Ricky-Jade Jones virbereeden. An den zwou weidere Partië vum Samschdegmëtteg huet sech Wolfsburg doheem mat 3:1 géint Union Berlin duerchgesat fir Heidenheim gouf et eng 2:1-Victoire a leschter Minutt géint den SC Freiburg.
Den Owend kënnt et vun 18.30 Auer un nach zum Duell tëscht Leipzig a Frankfurt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.