
Den nordmazedonesche Champion a Rekordmeeschter aus der Haaptstad hat de Rekrutement vum Gerson Rodrigues schonn e Freideg bekannt ginn. De Spiller selwer huet sech en Dënschdeg den Owend op Instagram mam Trikot vu sengem neie Veräin gewisen.
Fir d'lescht stoung de Gerson Rodrigues beim thailänneschen Zweetligist Kanchanaburi Power FC ënner Vertrag, de Kontrakt gouf allerdéngs no nëmmen 9 Méint an 21 Matcher mat dräi Goler nees opgeléist.