Déi 84. Minutt e Samschdeg am A. Le Coq Arena zu Tallinn an Estland. De polneschen Arbitter Pawel Raczkowski goung an d'Directioun vun der Lëtzebuerger Bänk an huet eng giel Kaart Richtung Leandro Barreiro gewisen, dee sech, wéi een op de Biller gesäit deementspriechend entsat, opgereegt huet. Et wier dem ugeschloene Mëttelfeldspiller vu Benfica Lissabon seng zweet perséinlech giel Kaart an dëser Campagne. Domadder géing hie géint Bulgarien en Dënschdeg gespaart feelen.
Um Site vun der UEFA gouf dëse Carton allerdéngs dem Marvin Martins gutt geschriwwen. RTL-Informatiounen no vun Tallinn géif et och bei dëser Decisioun bleiwen, well souwuel d'Lëtzebuerger, d'Esten an och den Arbitter de Bou esou ënnerschriwwen hunn. Deemno krut de Marvin Martins an Estland op der Bänk giel an net de Leandro Barreiro, deen domadder en Dënschdeg heiheem géint Bulgarien disponibel wier, am Fall wou hie seng Blessur um Réck auskuréiert hätt.
Déi offiziell Confirmatioun soll e Méindeg kommen.
