Den Iwwerbléck vum internationale FuttballManCity kasséiert spéiden Ausgläich géint Chelsea, Real Madrid souverän

Jeff Birsens
Duerch de Punkteverloscht vu Manchester City läit de Virsprong vun Arsenal un der Spëtzt bei elo sechs Punkten. Bei enger 5:1-Victoire vu Real Madrid huet donieft e Sonndeg de Gonzalo mat sengen dräi Goler erausgestach.
Manchester City's Norwegian striker #09 Erling Haaland looks on during the English Premier League football match between Manchester City and Chelsea at the Etihad Stadium in Manchester, north west England, on January 4, 2026. (Photo by Oli SCARFF / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
© AFP

E Sonndeg ass am internationale Futtball a ville Championnater gespillt ginn. An der Premier League huet Manchester United nees géint ee Géigner aus dem ënneschten Drëttel Punkte leie gelooss, verléiert duerch ee Remis vu Liverpool awer net den direkten Uschloss un d’Champions-League-Plazen. De Reds war an der 94. Minutt den 2:1 géint Fulham gelongen, ma an der 97. Minutt gouf et dann nach de batteren Ausgläich. Owes huet Manchester City dann nach 1:1 géint Chelsea gespillt, wouduerch de Réckstand op de Leader Arsenal elo bei sechs Punkte läit.

E Méindeg koum d’Nouvelle, datt Manchester United sech vum Trainer Ruben Amorim getrennt huet.

Un der Spëtzt vun der Serie A bleift Neapel dann duerch eng Victoire géint Lazio Roum weider ee Punkt hannert dem AC Mailand. Béid Ekippe kënnen hei awer nach vun Inter iwwerholl ginn.

An der spuenescher LaLiga huet Real Madrid mat engem 5:1-Succès géint Betis seng Aufgab erfëllt a bleift weider hannert dem FC Barcelona drun.

Premier League

Leeds – Manchester United 1:1
1:0 Aaronson (62'), 1:1 Cunha (65')

Leeds ass et um 20. Spilldag gelongen, Manchester United ee Punkt ofzeknäppen. No 45 intensive Minutte war et fir béid Ekippen, déi sech bis dohin op Aenhéicht begéint haten, an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschent gouf et da Chancen op deenen zwou Säiten.

Eng éischte Kéier sollt dann der Lokalekipp e Gol geléngen, dat an der 62. Minutt duerch de Brenden Aaronson, deen dem Golkipp mat engem flaache Schoss an den Eck keng Chance gelooss huet. D’Äntwert vun de Red Devils huet awer nëmmen dräi Minutten op sech waarde gelooss, an der 65. Spillminutt war et nämlech de Matheus Cunha, deen eleng virum Golkipp d’Nerve behalen huet.

An der Schlussphas hat ManUnited dann nach eemol Pech mat engem Schoss op de Potto. Am grousse Ganzen huet et awer un eppes gefeelt, fir déi dräi Punkte mat Heem ze huelen.

Fulham – Liverpool 2:2
1:0 Wilson (17'), 1:1 Wirtz (57'), 1:2 Gakpo (90+4'), 2:2 Reed (90+7')

Liverpool léisst duerch e spéide Géigegol ee Punkt géint Fulham leien. D’Lokalekipp war scho fréi no 17 Minutten a Féierung gaangen an huet sech duerno, wéi och schonn ufanks, hannen dra gestallt. Mat enger disziplinéierter Defensivaarbecht ass de Gäscht net wierklech eppes agefall a sou war et mat der 1:0-Féierung fir Fulham an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel hu sech fir Liverpool dann awer ëmmer méi Raim opgemaach a sou war et de Florian Wirtz, deen op de verdéngten 1:1 ausgläiche konnt. An der 94. Minutt ass dem Gaascht dann duerch de Cody Gakpo de sécher gegleefte Gol fir d´Victoire gelongen.

Dat lescht Wuert hat allerdéngs nach den Harrison Reed, dee mat engem Schoss aus 25 Meter genee an de Wénkel getraff a Fulham domat nach ee Punkt gerett huet.

Manchester City – Chelsea 1:1
1:0 Reijnders (42'), 1:1 Fernandez (90+4')

Manchester City huet sech déi zweet Plaz zréckgeholl, déi Aston Villa um Samschdeg virleefeg iwwerholl hat. Am Owesmatch géint Chelsea ass de Gol vum Tijjani Reijnders um Enn awer net fir déi dräi Punkten duergaangen. Den Hollänner hat kuerz virun der Paus getraff an d’Citizens domat net onverdéngt mat enger Féierung an d’Paus geschéckt.

Chelsea huet nom Säitewiessel op den Ausgläich gedréckt an hat och déi eng oder aner Chance dofir. Tatsächlech sollte si dann nach an der 94. Minutt duerch e Gol vum Enzo Fernandez fir hiren Effort belount ginn.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Lazio Roum – Neapel 0:2
0:1 Spinazzola (13'), 0:2 Rrahmani (32')

SSC Neapel huet bei Lazio Roum eng souverän a méi wéi verdéngte Victoire gefeiert, mat där ee weider un der Tabellespëtzt drubleift. No enger staarker Ufanksphas stoung et duerch d’Goler vu Spinazzola a Rrahmani schonn an der 32. Minutt 2:0. Dobäi hätten och ganz gutt nach een oder zwee Goler méi fale kënnen. Vun de Réimer war net genuch komm, fir hei nach ëm op d’mannst ee Punkt matzespillen. Neapel huet d’Féierung ouni Probleemer iwwer d’Zäit bruecht.

Florenz – Cremonses 1:0
1:0 Kean (90+2')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Marseille – Nantes 0:2
0:1 Centonze (31'), 0:2 Cabella (88')

Lorient – Metz 1:1
0:1 Sané (29'), 1:1 Dieng (73')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

FC Sevilla – Levante 0:3
0:1 Losada (45+3'), 0:2 Espi (77'), 0:3 Alvarez (90+4')

Real Madrid – Betis 5:1
1:0 Gonzalo (20'), 2:0 Gonzalo (50'), 3:0 Asencio (56'), 3:1 Hernandez (66'), 4:1 Gonzalo (82'), 5:1 Garcia (90+3')

Real Madrid huet sech mat enger richteger Muechtdemonstratioun déi dräi Punkte geséchert. Mann vum Dag war dobäi ganz kloer de Gonzalo mat dräi Goler. De spuenesche Stiermer hat déi Kinneklech no 20 Minutten a Féierung bruecht a mat engem gerechten 1:0 ass et dann och fir d’Paus an d’Vestiairë gaangen.

An der zweeter Hallschent konnten d’Haushären dann am Numm vum Gonzalo a Raul Asencio séier op 2:0 an 3:0 noleeën. Wéi aus dem Näischt ass de Gäscht dann an der 66. Minutt den 1:3 gelongen, ma dat sollt näischt méi um Ausgang vun dëser Partie änneren. Een drëtte Gol vum Gonzalo an ee vum Fran Garcia hunn hei den Deckel drop gemaach.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO