Infantino ënner DrockNorwegen beschwéiert sech offiziell iwwer FIFA-President

RTL Lëtzebuerg
Déi norwegesch Futtballfederatioun huet bei der FIFA zwou Doleancen agereecht. Donieft soll de kongoleesesche WM-Golkipp net spillberechtegt gewiescht sinn.
Norwegen huet Froen zur Relatioun tëscht dem Donald Trump an dem Gianni Infantino.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Déi norwegesch Futtballfederatioun NFF huet offiziell zwou Requêtë géint den Gianni Infantino agereecht. D'NFF-Presidentin Lise Klaveness huet confirméiert, dass doran de Weltverband opgefuerdert gëtt, d'Hannergrënn vum Verginn vum "Friddenspräis" un den US-President Donald Trump z'ënnersichen. Ausserdeem soll de "Fall Balgoun", an déi béid Männer involvéiert waren, opgerullt ginn an dem FIFA-President seng Roll am geplangten Deal mat Investoren, fir Undeeler un der WM ze verkafen, steet och am Fokus.

Déi entspriechend Pabeiere wieren un d'Ethikkommissioun, de Governance-, de Préifungs- an de Compliance-Kommitee vun der FIFA gaangen. Et sollen d'Fakten an de genannte Fäll opgedeckt ginn an d'Recheschaftsflicht bannent de Reegele vum Weltverband séchergestallt ginn, sou d'Klaveness. Sollten eescht Froen opdauchen, missten dës onofhängeg an transparent ënnersicht ginn.

All Fall misst dobäi eenzel beurteelt ginn. Et geet, zesumme gesinn, ëm d'Fro: Sinn d'Amt, d'Autoritéit oder den Afloss vun der FIFA op deplacéiert Aart a Weis ausgeüübt ginn an hunn d'Mechanismen, déi dëst verhënnere sollen, wéi virgesi funktionéiert? D'Arreeche vun de Requêten ass no enger Decisioun vun der NFF gefall, déi am August getraff ginn ass. D'Organisatioun FairSquare hat sech scho bei der Ethik beschwéiert wéinst méigleche Verstéiss vum Infantino géint d'Flicht vun der Neutralitéit am Ëmgang mam Trump.

Nach e Skandal a Siicht?

Déi Demokratesch Republik Kongo huet, wéi et schéngt, an de Playoff-Matcher virun der Futtball-WM 2026 géint Nigeria an Jamaika e Golkipp spille gelooss, deen dozou net berechtegt war. D'New York Times berifft sech dobäi op intern Dokumenter a Korrespondenze vun der FIFA, grad esou wéi en héije Fonctionnaire, deen anonym wëllt bleiwen. Dëse sot, de Weltverband hätt virun der WM gewosst, dass de Lionel Mpasi guer net hätt dierfe spillen. Kongo hat sech no 52 Joer rëm fir eng WM qualifizéiert.

Nodeems Nigeria sech beschwéiert hat, war bei der FIFA iwwerpréift ginn. Laut Dokumenter wier dobäi ermëttelt ginn, dass déi kongoleesesch Federatioun ni déi gefuerdert Ënnerlagen agereecht hat, déi dem Mpasi e Wiessel vum Verband erméiglecht hätten. De Golkipp hat 12 Matcher gespillt fir déi franséisch U16, U17 an U18. Fir d'DR Kongo spillt hien zanter 2022 an huet bis haut 33 Lännermatcher um Kont.

Hätt de Lionel Mpasi guer net dierfen op der WM spillen?
Hätt de Lionel Mpasi guer net dierfen op der WM spillen?
© ROBERTO SCHMIDT / AFP

Setzt eng Ekipp e Spiller an, deen net spillberechtegt ass, verléiert se normalerweis um Gréngen Dësch. Kongo hätt dee leschte K.o.-Match géint Jamaika also guer net dierfe spillen. D'Doleance vun Nigeria war vun der FIFA aus formale Grënn refuséiert ginn.

D'Néierlag géint Kongo hat fir Nigeria grouss Auswierkungen. No der verpasster WM-Qualifikatioun war de ganze Kommitee vun der Federatioun zréckgetrueden. De President Ibrahim Musa Gusau sot, him wier just gesot ginn, hir Demande wier refuséiert ginn. Dass den Mpasi net hätt dierfe spillen, wier hinnen net matgedeelt ginn. "Si hunn einfach de Mond gehalen a si kënnen et kengem soen, well se wëssen, dass dat fir si zu enger schwéierer Kris wäert féieren", sou de Gusau weider.

Wat wosst den Infantino?

De Fall gehäit en neit Liicht op dem FIFA-President seng Verbindungen zum afrikanesche Futtball. Den Gianni Infantino wëllt sech 2027 erëm zur Wiel stellen a brauch dofir Ënnerstëtzung vun de Verbänn aus Afrika. Zum Zäitpunkt vun den Ënnersichungen am Fall Mpasi hat de Véron Mosengo-Omba seng Kandidatur fir de Poste vum Verbandspresident am Kongo preparéiert. Zwee Méint méi spéit, no der erfollegräicher Qualifikatioun, ass den Alliéierte vum Infantino effektiv gewielt ginn. Aacht aner Konkurrenten haten hir Kandidatur dogéint zréckgezunn oder ware vun der Wal ausgeschloss ginn.

E fréiere FIFA-Fonctionnaire aus dem Kamerun sot dozou, wann d'FIFA de Kongo vun der WM ausgeschloss hätt, wieren d'Aussiichte fir de Mosengo-Omba schlecht gewiescht. Dësen huet verlaude gelooss, näischt gewosst ze hu vum Fall Mpasi.

Der New York Times no huet déi jamaikanesch Federatioun nach net reagéiert. Den zoustännege Verband fir Nord- a Mëttelamerika CONCACAF huet gefuerdert, de Fall misst komplett opgekläert ginn.

Back to Top
CIM LOGO