Champions LeagueReal Madrid, PSG an Arsenal a 1/4-Finall, Sporting geléngt Comeback géint Bodö/Glimt

Jeff Birsens
Wärend Real Madrid an de PSG hir Victoiren aus den Allersmatcher verdeedege konnten, huet den norwegeschen Underdog Bodö/Glimt seng 3:0-Féierung géint Sporting zu Lissabon awer nach aus der Hand ginn.
Real Madrid's Brazilian forward #07 Vinicius Junior celebrates scoring the opening goal during the UEFA Champions League, round of 16 second leg football match between Manchester City and Real Madrid at the Etihad Stadium in Manchester, north west England, on March 17, 2026. (Photo by Paul ELLIS / AFP)
De Vinicius Jr freet sech no sengem Gol vum Eelefmeterpunkt.
© AFP

En Dënschdeg den Owend goufen an der Champions League déi éischt Retourmatcher vun den 1/8-Finalle gespillt. Ee richtege Comeback ass dobäi um fréien Owend dem Sporting gelongen, deen den Underdog Bodö/Glimt no der 0:3-Defaite am Allersmatch mat engem 5:0-Succès no Verlängerung awer nach eliminéiere konnt.

Gelongen, d’Féierung aus dem Allersmatch ze halen, ass et dogéint Real Madrid mat engem 2:1 bei Manchester City an och dem PSG mat enger 3:0-Victoire beim FC Chelsea. De véierten Ticket fir d'1/4-Finall ass op dësem Owend un Arsenal duerch eng 2:0-Victoire géint Leverkusen gaangen.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Manchester City - Real Madrid 1:2 (1:5 no Aller- a Retourmatch)
0:1 Vinicius Jr (22'), 1:1 Haaland (41'), 1:2 Vinicius Jr (90+3')

All d'Goler vum Match Manchester City géint Real Madrid
Zwee Goler vum Vinicius Jr hu Real op dësem Owend d’Victoire bruecht

Mat engem 0:3-Réckstand aus dem Allersmatch am Réck war Manchester City am Retourmatch vun Ufank u gefuerdert. An dat huet sech an deenen éischte Minutten och sou um Terrain gewisen. D’Lokalekipp war direkt engagéiert an huet de Wee Richtung Gol gesicht, ma Real stoung hanne kompakt an huet net vill zougelooss. E grousse Réckschlag fir e méigleche Comeback ass et dann no ronn 20 Minutte ginn, wéi de Bernardo Silva duerch d’Verhënnere vun engem Gol mam Aarm mat Rout vum Terrain gesat gouf. De Vinicius Jr huet den Eelefmeter, deen doraus entstanen ass, äiskal eragesat. An enger weiderhin animéierter Partie gouf et dann op béide Säiten eng Rei Chancen a sou sollt et ManCity trotz Ënnerzuel duerch den Erling Haaland nach kuerz virun der Paus geléngen, de verdéngten Ausgläich ze markéieren.

Nom Säitewiessel waren d’Citizens trotz engem Mann manner déi besser Ekipp um Terrain, dat well d’Gäscht sech déif an déi eegen Hallschent gestallt hunn. All Versich vun Haaland, Marmoush a Co. sollten awer ouni Succès bleiwen. Real Madrid huet ëmmer méi Zäit vun der Auer geholl a konnt sech kuerz viru Schluss duerch ee weidere Gol vum Vinicius Jr da souguer nach d’Victoire och am Retourmatch huelen. Um Enn geet et mat engem klore 5:1-Succès souverän an d'1/4-Finallen.

Déi bescht Zeene vum Match Manchester City géint Real Madrid
Manchester City konnt trotz Ënnerzuel nach gutt dogéinthalen a sech eng Rei Chancen erausspillen

Chelsea - PSG 0:3 (2:8)
0:1 Kvaratskhelia (6'), 0:2 Barcola (15'), 0:3 Mayulu (62')

De Resumé vum Match Chelsea géint PSG
Wéi schonn am Allersmatch huet de PSG den FC Chelsea och am Retourmatch dominéiert

Arsenal - Leverkusen 2:0 (1:1)
1:0 Eze (36'), 2:0 Rice (63')

De Resumé vum Match Arsenal géint Leverkusen
Duerch en 2:0-Succès am Retourmatch huet sech Arsenal den Ticket fir d'1/4-Finalle geséchert

Sporting - Bodö/Glimt 5:0 (5:3)
1:0 Inacio (34'), 2:0 Goncalves (61'), 3:0 Suarez (78'), 4:0 Araujo (92'), 5:0 Nel (120+1')

De Resumé vum Match Sporting géint Bodö/Glimt
Sporting ass am Retourmatch e Comeback géint Bodö/Glimt aus Norwegen gelongen


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO