Um verlängerte Weekend gëtt gezeltZu Ueschdref hunn d'Guiden a Scouten ee Meekranz gebonnen

Christophe Hochard
E verlängerte Weekend verbréngen d'Guiden an d'Scouten zu Ueschdref. Si hunn e Meekranz gebonnen.

Nieft den traditionelle Riede vun de Gewerkschaften um Dag vun der Aarbecht ginn a villen Dierfer a Stied hei zu Lëtzebuerg um Éischte Mee och Meekränz gebonnen.

Mol sinn et déi lokal Pompjeeën, mol d'Guiden an d'Scouten. An der Gemeng Rammerech, méi genee zu Ueschdref, verbréngen d'Guiden an d'Scoute vum Grupp Grand-Duc Jean vu Bieles/Zolwer e verlängerte Weekend. 2021 war dësen aus der Fusioun vun den zwee Bielesser Gruppen Don Bosco Metzerlach a Saint-Paul Bieles entstanen.

D'Kanner an déi Jugendlech sinn tëscht 6 an 20 Joer jonk. Nieft dem Meekranz Bannen, gëtt op enger grousser Wiss an Zelter geschlof. E Lagerfeier steet um Programm an um Stauséi vun Esch/Sauer musse si sech op d'Sich nom "Staunessi" maachen.

D'Guiden a Scouten hunn de Meekranz gebonnen
Uechter d'Land waren haut erëm Gruppen am Bësch ënnerwee, fir en traditionelle Meekranz ze bannen.

Back to Top
CIM LOGO