Erop op 25 ProzentTrump annoncéiert méi héich Taxe fir Autoen a Camionen aus der EU

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Donald Trump geet nees géint d'EU vir. Déi nei Reegelung soll vun der nächster Woch u gëllen.
Archivfoto.
© KENT NISHIMURA/AFP

Dës Kéier wëll Den Donald Trump d'Taxen op Autoen a Camionen, déi aus der Europäescher Unioun an d'USA geliwwert ginn, ëm 25 Prozent an d'Luucht setzen.

An engem Post op senger Plattform Truth Social begrënnt den US-President dat domat, dass d'EU sech net un deen ofgemaachenen Handelsaccord géif halen.

"Ech freeë mech, bekannt ze ginn, datt ech wéinst der Tatsaach, datt déi Europäesch Unioun sech net un eis komplett vereenbaart Handelsofkommes hält, ech an der nächster Woch d'Taxen op Autoen an op Camionen aus der Europäescher Unioun, déi an déi Vereenegt Staaten importéiert ginn, erhéije wäert", esou den Trump op Truth Social. Aktuell läit den Taux bei 15 Prozent.

EU-Kommissioun wëll mat Géigemoossname reagéieren

D'EU-Kommissioun huet op d'Annonce vum US-amerikanesche President reagéiert. Et géif ee mat Géigemoossname reagéieren, sollt dës Annonce wierklech esou ëmgesat ginn. Dat huet eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun erkläert. Och déi däitsch Automobilindustrie huet reagéiert. Dem Trump seng Annonce wier eng weider schwéier Belaaschtung fir déi transatlantesch Bezéiungen.

D'Douanestaxe-Politik vun der US-amerikanescher Regierung suergt ëmmer nees fir ugespaante Situatiounen. D'lescht Joer hate sech d'USA an déi Europäesch Unioun awer op ee maximale Seuil vu 15% op Europäesch Importer an d'USA gëeenegt. Am Géigenzuch hat d'EU sech engagéiert, fir amerikanesch Industrie-Exporter net ze taxéieren.

Den US-President hat jo e Freideg annoncéiert, d'Taxen op europäesch Autoen a Camionen ëm 25% unzehiewen. Grond dofir wier, datt d'EU sech net un déi ofgemaachten Handelsofkommesse géif halen, esou den Donald Trump.

Back to Top
CIM LOGO