
De René Peters ass neien Trainer vun der Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp. Dat huet d'FLF en Donneschdeg matgedeelt.
De fréiere Kapitän vun de Roude Léiwen iwwerhëlt domat d'Successioun vum Mario Mutsch, deen dem Luc Holtz säi Co-Trainer beim FC Metz wäert ginn.
De Peters huet bis elo verschidde Statiounen als Trainer vun der FLF-Futtballschoul gemaach an iwwerhëlt de Poste bei der U21 vun August un.