EM-Qualifikatioun am HandballSchweden suergt fir héchst Lëtzebuerger Néierlag zënter Joerzéngten

Yannick Glod
Am zweete Match ënnert der Regie vum Didier Dinart hunn d'Rout Léiwen 20:50 géint Schweden verluer. Dobäi kënnt nach de Verloscht vu Kreiselmaier a Kaysen.
Lëtzebuerg war e Sonndeg an der Coque ouni eng Chance.
© Screenshot

Lëtzebuerg war déi grouss Erausfuerderung géint Schweden mat vill Éiergefill ugaangen, mee d’Aufgab géint de fënneffachen Europameeschter a véierfache Weltmeeschter war ze grouss. D’Skandinavier hunn d'Rout Léiwen um Enn mat 20:50 iwwerrannt. Et ass déi héchst Defaite an de leschte Joerzéngten.

D’Lëtzebuerger Néierlageserie geet domat weider. D’FLH-Selektioun waart zënter siwe Matcher op e Punkt op internationalem Plang. Et war den éischte Match fir eng Lëtzebuerger A-Nationalekipp géint Schweden.

Am Joer 2019 hat d’U17 – deemools mat ë.a. Itua Etute, Haris Hodzic a Sam Richard – géint hir Alterskolleegen 13:27 verluer. De Felix Möller, deen och haut am Kader stoung, war viru siwe Joer als eenzege Schweed dobäi gewiescht.

Tre Kronor ware mat ville groussen Nimm op Lëtzebuerg komm, well een de Match géint d’Rout Léiwen als Virbereedung fir d’Weltmeeschterschaft am Januar ugaange war. D'Rout Léiwen hat e ganz gudde Start par rapport zum Match géint Nordmazedonien. Den Itua Etute konnt an den éischte 5 Minutten 3 Mol markéieren a Schweden musst engem Réckstand hannendru lafen.

Dass d’schweedesch Spiller an de beschten europäesche Lige spillen (Däitschland, Frankräich, Dänemark) huet ee spéitstens no 15 Minutte gesinn, wéi si sech besser op de Lëtzebuerger Ugrëff agestallt haten. D’Rout Léiwen hunn déi éischt 12 Minutte gutt matgespillt, duerno konnten d’Skandinavier no liichte lëtzebuergesche Feeler am Ugrëff oft de Ball recuperéieren a mat Géigestoussgoler ewechzéien.

No 18 Minuten huet Lëtzebuerg de Loïc Kaysen verluer, dee sech an enger Aktioun de Knéi verdréint hat. Kuerz drop waren d’Schweeden eng éischt Kéier 10 Goler fort (8:18). D’Rout Léiwen haten trotzdeem e puer flott Aktiounen am Ugrëff opweises, mee Schweden huet all Lëtzebuerger Feeler äiskal bestrooft. An der Paus stoung et 26:10 fir Schweden.

D’Skandinavier hunn den Tempo bis zum Schluss héich gehalen an de Virsprong ass ëmmer weider gewuess. A well béid Ekippe quasi déi selwecht Unzuel u Goler am zweeten Duerchgang markéiert hunn, steet um Enn mam 20:50 déi héchst Néierlag fir d’Rout Léiwen an de leschte Joerzéngten um Tablo. Un déi historesch héchst Néierlag kënnt dëse Score awer net erun. Bei der WM 1958 hat Lëtzebuerg 4:46 géint Däitschland verluer.

Den Itua Etute war mat 8 Goler de beschte Buteur bei de Roude Léiwen. Et bleift ofzewaarden, ob sech nieft dem Loïc Kaysen nach de Vincent Kreiselmaier méi schwéier blesséiert huet. De Spiller vum ASV Hamm-Westfalen stoung an der zweeter Hallschent net méi um Terrain.

Ausbléck 2027

D’Rout Léiwen hunn elo hir éischt Matcher an der EM-Qualifikatioun hannert sech. Schweden an Nordmazedonien spille sécherlech an enger anerer Liga wéi Lëtzebuerg, dohier sinn d’Néierlage géint dës Gréissten aus dem europäeschen Handball net verwonnerlech – och wann d’Héicht a béide Matcher beträchtlech ass. Vum neien Trainer Didier Dinart kann ee sech eeben net direkt Wonner erwaarden.

De Fransous huet elo zwee Méint Zäit, déi richteg Spiller ze fannen, si zu enger Ekipp ze formen an dës Ekipp op säi Spilstil anzestellen respektiv unzepassen. Déi nächst Méiglechkeet dozou bitt sech schonn am Januar mat engem internationalen Turnéier géint d’Belsch, Saudi-Arabien a Katar. D’Vertrieder aus Asien wäerten e puer Woche méi spéit bei der WM an Däitschland dobäi sinn a wëlle sech géint zwou europäesch Natioune moossen. Duerno ginn et nach Frëndschaftsmatcher géint Guinea.

De richtege Gradmiesser fir d’Rout Léiwen an hiren neien Trainer kënnt dann am Mäerz, wann déi zwee Matcher géint Griicheland ustinn. Op de Match an der Coque wäerte sech besonnesch d’Fans vum HB Esch freeën, well et en Erëmgesi mat hirem fréiere Golkipp Petros Boukovinas gi wäert.

Back to Top
CIM LOGO