
Fir de Kont vum 9. Spilldag hate sech déi sechs Ekippen um Mëttwoch Rendez-vous ginn. Zwee Resultater stiechen dobäi eraus: d'kloer Victoire vu Käerjeng géint den HBD an déi éischt Punkte fir de Museldall an dëser Saison.
Ëmmer wann Diddeleng a Käerjeng am Damme-Championnat openeentreffen, geet et nieft de Punkten och ëm de Prestige, ob an der Qualifikatiounsphas oder am Playoff. Um 9. Spilldag gouf kloer, dass d'HBD-Dammen nach verléiere kënnen. Käerjeng huet sech wéi am Supercup am August däitlech mat 28:22 duerchgesat.
Nodeems d'Gäscht an der Ufanksphas de Lead haten, huet Käerjeng ab der 17. Minutt d'Féierung iwwerholl (8:7) a bis zum Schluss net méi ofginn. Well den Diddelengerinnen tëscht der 14. an der 24. Minutt kee Gol gelongen ass, konnten déi Gréng hire Virsprong bis an d'Paus op 14:9 ausbauen.
Diddeleng huet nom Säitewiessel eng Reaktioun gewisen a koum bis op 2 Goler erun (15:13 an der 39. Minutt), mee dat war dat knappst Resultat bis zum Schluss. No engem Timeout vum Trainer Dan Mauruschatt huet den HBK nees an de Match fonnt a konnt de Virsprong bei 3-4 Goler halen. Wéinst enger weiderer Diddelenger Schwächephas ass de Virsprong tëschenzäitlech bis op 8 Goler gewuess. D'Daria Milek huet 12 Mol fir Käerjeng markéiert, d'Joy Wirtz 9 Mol fir den HBD.
Op der Musel gouf sech um 21:25 Auer grouss gefreet: endlech konnt een déi éischt Punkten an dëser Saison asäckelen. No 60 Minutte stoung et 32:27 fir den HB Museldall am Match géint den HC Standard.
Anescht wéi ze erwaarde war, war et den HBM, dee sech vun Ufank un ofsetze konnt (6:2 no 15 Minutten) an de Match gutt geréiert huet. An der Paus stoung et scho 16:9 fir d'Ekipp vun der Musel. Och am zweeten Duerchgang sollt de Gäscht keng Remontada geléngen.
De Standard war mat der kompletter Ekipp ugereest, hat awer Krämpes géint eng gutt stoend Miseler Ekipp. D'Tendenz bei der Ekipp aus der Stad weist um Enn vun der Qualifikatiounsphas no ënnen. Scho virun zwou Woche géint Dikrech hate si eng däitlech Néierlag agestach (33:9), well hinnen an der zweeter Hallschent just ee Gol gelonge war.
Trotz der éischter Victoire an dëser Saison kann den HB Museldall net méi op Plaz 4 sprangen, mee huet mat dësem Resultat dem Chev Dikrech e Bierendéngscht erwisen. Deen huet an der Tabell virum leschte Match nach ëmmer 2 Punkte Virsprong op de Standard an den däitlech besseren direkte Verglach.
Trotzdeem wäert den Dikrecherinnen déi héich Néierlag bei der Red Boys Déifferdeng (24:34) wéidoen. Am leschte Match géint de Museldall e Samschdeg kënne si Plaz 4 perfekt maachen.