
Nodeems de Stéphane Mina am Oktober als Dammen-Trainer bei de Red Boys Déifferdeng zréckgetruede war, deelt de Veräin e Méindeg mat, datt den Agron Shabani neien Trainer vun der Dammen-Handballekipp gëtt.
An engem Post op Facebook begrënnen d'Red Boys de Choix mat enger "grousser sportlecher Expertis". Den Agron Shabani war ënner anerem aacht Joer Nationaltrainer vun der kosovarescher Dammenekipp. Donieft hätt hie schonn Erfarung bei de Red Boys gesammelt.