Volleyball: Challenge Cup0:3-Néierlag fir de VC Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Am Allersmatch vun der 1/16-Finall am Challenge Cup huet Stroossen mat 0:3 géint Orion Doetinchem aus Holland verluer.
Stroossen verléiert am Challenge Cup
Den Allersmatch vun de 1/16-Finallen huet de Veräin aus dem Grand-Duché mat 0:3 an de Sätz géint géint Orion Doetinchem aus Holland verluer.

Souwuel den éischte wéi och den zweete Saz huet Stroossen an der eegener Hal mat 20:25 verluer. Am 3. Saz ass d’Heemekipp bis zum Schluss drubliwwen, mee déi Manche sollt awer mat 25:22 un d’Hollänner goen.

De Retourmatch ass déi nächst Woch an Holland.

Back to Top
CIM LOGO