
Nodeems den europäesche Geriichtshaff en Donneschdeg de Moien de Wee fir eng Super League theoretesch fräi gemaach huet, huet A22 Sports Management, d’Firma, déi hannert der Super League steet, éischt Pläng bekannt ginn.
D’Iddi vun 2021 mat 12 Veräiner huet Plaz gemaach fir eng ‘oppe Kompetitioun’ mat 64 Clibb bei de Männer, verdeelt op eng Star, Gold a Blue League.
An der Star a Gold League si jeeweils 16 Clibb virgesinn, déi vu September bis Abrëll an 2 Gruppe vun 8 Veräiner géintenee spillen. Jidder Veräi kritt sou 14 Matcher ze spillen, 7 doheem a 7 auswäerts.
An der Blue League dierfen 32 Veräiner matspillen an dat verdeelt op 4 Gruppen.
Déi véier bescht Ekippe vun all Grupp aus der Star a Gold League an déi zwee bescht Veräiner vun all Grupp aus der Blue League kommen an d’Véierelsfinall. Souwuel d’Véierels- wéi och d’Halleffinall ginn an engem Heem- an Auswäertsmatch gespillt.
D’Finalle selwer sollen op engem neutralen Terrain gespillt ginn.
Um Enn vun der Super League Saison gëtt et dann 3 Gewënner (Star, Gold a Blue League). Och Op- an Ofstig aus de verschiddene Gruppe si méiglech.
Fir d’Damme soll et och eng Kompetitioun ginn, hei wieren et Star a Gold League zu jee 16 Clibb.

D’Uefa huet sech nom Urteel beméit ze betounen, datt d’Decisioun vum EuGH “keng Confirmatioun vun der sougenannter Super League” wier. Et géing just weisen, datt et Mängel bei de fréiere Reegele ginn hätt. D’Geriicht hätt d’Drounge vun der Uefa an der Fifa, Spiller a Veräiner, déi u Competitioune vun aneren Organisateuren deelhuele géifen, vun hire Competitiounen auszeschléissen, en Donneschdeg fir net konform erkläert. Dësen Deel vun de Reegele wier awer schonn am Juni 2022 ugepasst ginn.
Den UEFA-President Aleksander Ceferin huet sech och op enger Pressekonferenz zum Urteel geäussert an huet kloer Wierder fir d’Konzept vun der méiglecher neier Super League fonnt.
D’Uefa géing net versichen, d’Super League ze stoppen. “Si kënne kreéieren, wat ëmmer si wëllen. Ech hoffen, datt si hir fantastesch Competitioun geschwë starten - mat zwee Veräiner”, sou de Slowen mat Bléck op d’Ënnerstëtzer Real Madrid an FC Barcelona. “Ech hoffen, si wëssen, wat si maachen - ma ech si mir do net esou sécher”, sou den Ceferin weider op der Pressekonferenz.
De Futtball géing net zum Verkaf stoen, hie géing vereent bleiwen. Et hätt een national Regierungen an Institutiounen am Réck. Donieft géingen och Veräiner aus ville Länner wéi England, Däitschland, Frankräich oder Italien bei der Uefa bleiwe wëllen, sou nach den Ceferin.