
E Samschdeg de Mëtteg war an der 1. Däitscher Bundesliga d’Suite vum 5. Spilldag. Dobäi huet sech Dortmund, Heidenheim, Leverkusen a Leipzig 3 Punkte geséchert. E Freideg den Owend huet sech den däitsche Meeschter Bayern München doheem souverän mat 4:0 géint Bremen behaapt a bleift soumat och Leader an der Tabell, weider mat 2 Punkte virun Dortmund.
Och an deenen aneren europäesche Championnater gouf gespillt. Hei huet sech ënnert anerem Brentford géint Manchester United duerchgesat. E Freideg an e Samschdeg waren och eng sëlleg Lëtzebuerger Futtballer mat hire Veräiner am Asaz. De kompletten Iwwerbléck fannt dir hei.
10 Goler an 2 ënnerschiddlech Hallschenten hunn d’Spectateuren am Borussia Park zu Gladbach gesinn. An der éischter ass bei de Fohlen glat a guer näischt zesumme gelaf, iwwerdeems bei Frankfurt gefillt all Schoss e Gol war. An esou louch Gladbach an der Hallschent am eegenem Stadion mat 0:5 a Réckstand. Kuerz no der Paus sollt de Koch de Score souguer op 6:0 schrauwen. An der Suite vum Match huet d’SGE e puer Gäng erof geschrauft, wat et Gladbach erméiglecht huet nees zeréck an de Match ze fannen. Zu mei wéi 4 Goler sollt et awer net duergoen, sou dass Gladbach no fulminanten 90 Minutte mat 4:6 géint Frankfurt verléiert.
Dortmund gewënnt ouni de Guirassy, dee kuerzfristeg ausgefall ass, mat 2:0 zu Mainz a festegt domat déi 2. Plaz an der Tabell. Virun allem an der éischter Hallschent huet d’Ekipp vum Nico Kovac eng immens effizient Leeschtung gewisen a war virum Gol äiskal. Svensson an der 27. Minutt an Adeyemi an der 40. Minutt hu fir d’Schlussresultat gesuergt. No der Rouder Kaart vum Mainzer Golkipp Zentner an der 67. Minutt, dee vir eng Noutbrems vum Terrain geflunn ass, war de Match entscheet.
St. Pauli verléiert fir zweet noeneen. D’Kiezkicker, bei deenen den Danel Sinani nees vun Ufank un um Terrain stoung, musse sech mat 1:2 géint Leverkusen geschloe ginn. Dobäi war St. Pauli virun allem an der 1. Hallschent déi besser Ekipp, war virum Gol awer net effizient genuch. Nodeems den Tapsoba an der 25. Minutt d’Gäscht a Féierung geschoss huet, konnt de Wahl fir Pauli de verdéngten Ausgläich markéieren. Nom Säitewiessel ass de Match e bësse verflaacht, a Leverkusen huet nom 2:1 duerch de Poku de Match verwalt. An der 73. Minutt hat den Danel Sinani eng gutt Chance, de Flekken sollt säi Schoss aus 22 Meter awer paréieren.
Eng weider Néierlag gett et fir de Sandro Wagner a säin FC Augsburg. Dobäi huet den FCA auswäerts mat 1:2 géint Heidenheim verluer. Fir d’Ekipp vum Frank Schmidt ass et déi 1. Victoire an dëser Saison. Béid Ekippe stinn no 5. Spilldeeg bei 3 Punkten.
Wolfsburg verléiert doheem mat 0:1 géint RB Leipzig. De Gol vum Dag huet de Bakayoko an der 8. Minutt markéiert.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.