Vera Hoffmann, Charline Mathias, Patrizia Van der Weken, Bob Bertemes a Charel Grethen: Déi Athleten dierfe de Weekend mat op Glasgow fléien.

5 Athleten hu sech fir déi 35. Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik qualifizéiert. Dobäi handelt et sech ëm déi gréissten Delegatioun, déi jeemools un enger Halen-EM deelgeholl huet. D'Lëtzebuerger Liichtathletik-Federatioun huet Sportler en Dënschdeg de Mëtteg virgestallt.

Vera Hoffmann, Charline Mathias, Patrizia Van der Weken, Bob Bertemes a Charel Grethen: Esou heeschen d’Athleten, déi Lëtzebuerger Faarwe bei der Indoor-Europameeschterschaft zu Glasgow dëse Weekend wäerte vertrieden.

De Bob Bertemes, deen als éischten Lëtzebuerger Athlet fir déi drëtte Kéier un enger Indoor-EM wäert deelhuelen, steet mat sengem Nationale Rekord am Bommstousse vun 21 Meter 03 op der 3. Platz vun 19 ageschriwwen Athleten.

Iwwer 800 Meter schéckt FLA d'Charline Mathias an Course. D'Athletin vum CSL stoung bei deenen zwou leschten Europameeschterschaften ëmmer an den Halleffinallen. Dëst Zil gëtt och an der schottescher Hafestad ugepeilt.

Och beim Charel Grethen weist Form no 2 Wochen Training nees no uewen. D'Halesaison huet den Trainingspartner vum Charline Mathias net speziell preparéiert. Säin Fokus läit op der Outdoor-Saison.

D'Patrizia Van der Weken, wat iwwert Sprintdistanz vun 60 Meter wäert un den Depart goen, versicht hir Zäit vum Indoor-Meeting an der Coque ze confirméieren. D'Athletin vun Ettelbréck louch do mat 7,39 Sekonnen nëmmen een Honnertstel ënnert dem Nationale Rekord.

Fir d'Vera Hoffmann gëtt et allerdéngs eng Premiere. Et ass déi éischte Kéier, dass Athletin vum Celtic bei esou engem grousse Rendezvous mat dobäi ass.