Lëtzebuerg konnt net un déi staark Leeschtung aus dem éischte Match uknäppen.

Um Sonndeg den Owend hunn d'FLBB-Dammen hiren zweete Match am Grupp H am Kader vun der EM-Qualifikatioun gespillt. No der knapper Defaite géint d'Schwäiz am éischte Match si Meynadier a Co. e Sonndeg mat Italien op ee ganze staarke Géigner getraff. Um Enn hunn d'Rout Léiwinne kloer mat 48:82 verluer.

D'Italienerinne si virun eegener Kuliss gutt an de Match gestart an hunn de Lëtzebuergerinne mat enger gudder defensiver Aarbecht d'Liewe schwéier gemaach. Nom éischte Véierel stoung et deemno 23:14 fir d'Heemekipp. Och am zweete Véierel hunn d'Italienerinne konzentréiert weidergespillt a konnte bis zur Paus op 40:26 erhéijen.

Nom Säitewiessel hu sech béid Ekippen an enger éischter Phas schwéier gedoen, de Kierfchen ze treffen. D'Lëtzebuergerinnen hunn alles drugesat fir de Réckstand opzehuelen, d'Heemekipp huet awer keng Feeler gemaach an um Enn vum drëtte Véierel stoung et 58:41. Och an de leschten 10 Minutten konnten d'Rout Léiwinnen näischt méi dogéint setzen an hu sech kloer mat 48:82 misse geschloe ginn.

De 24. November geet et fir Lëtzebuerg weider mat engem Match géint d'Slowakei.