Lëtzebuerger Dammen verléiere knapp géint d'Schwäiz
No enger staarker éischter Hallschent, wou d'Heemekipp mat 31:19 a Féierung louch, hunn d'FLBB-Dammen um Enn nach mat 54:58 géint d'Schwäiz verluer.
Um Donneschdeg Owend hunn d'FLBB-Dammen hiren éischte Match am Grupp H am Kader vun der EM-Qualifikatioun gespillt. Um Enn gouf et an der Coque eng knapp 54:58-Defaite géint d'Schwäiz.
Lëtzebuerg ass ganz staark an de Match komm a konnt am éischte Véierel direkt mat 9:0 a Féierung goen. D'Gäscht aus der Schwäiz hu probéiert dogéint ze halen, mee koumen net an de Match. Nom éischte Véierel stoung et 17:12 fir d'Rout Léiwinnen. D'Heemekipp ass weider gutt am Match bliwwen a konnt de Virsprong bis zur Paus op 31:19 erhéijen. D'Schwäiz ass no der Paus besser an de Match komm an de Virsprong vun de Lëtzebuergerinnen ass am drëtte Véierel bis op ee Punkt geschmolt (43:42). D'Heemekipp huet am leschte Véierel probéiert drun ze bleiwen, mee um Enn sollt et am éischte Match eng knapp 54:58-Defaite an der eegener Hal ginn.
E Sonndeg den Owend steet dann den zweete Match fir d'Lëtzebuerger Basketballdammen um Programm. Um 18 Auer heescht de nächste Géigner Italien.