Den nationalen Handball hat sech d'lescht Woch vu senger beschter Säit gewisen.

En ausverkaafte Gymnase vun der Coque, top Stëmmung a spannend Matcher an der Halleffinall, wéi och an der Finall vun der Coupe bei den Dammen an den Hären. Déi Woche virdrun huet d'Handballfederatioun awer fir déi eng oder aner Schlagzeil gesuergt. Lo stellt sech déi grouss Fro: wéi geet et weider mam Lëtzebuerger Handball?

D'Zukunft vum nationalen Handball / Sam Rickal

No den desolate Resultater géint d'Tierkei Mëtt Mäerz huet ee sech vum Hären Nationaltrainer Nikola Malesevic getrennt. Fir de President vun der Lëtzebuerger Handball Federatioun Romain Schockmel war dës Decisioun opgrond vum Ausbleiwe vun enger signifikanter Entwécklung, nëmme logesch.

"2013 wéi mir ugefaangen hunn, hate mir e bëssen den Turbo ageluecht. Do hu mir ëm een Hoer d'Haaptqualifikatioune verpasst. Zanterhier hu sech d'Resultater progressiv verschlechtert, bis déi Drëps d'Faass zum iwwerlafe bruecht huet géint d'Tierkei. Ob dat elo eleng den Trainer war, géing ech behaapten, datt dat net esou wier. Fir den nächsten Trainer oder Trainerin ass et wichteg, datt den nächsten Trainer eisem Profil entsprécht a sech och bewosst ass, wat op en duerkënnt."

Eng schwiereg Urees op d'Auswäertsmatcher, wéi och Rumeuren iwwert Problemer mam Sponsoring, hunn an deene leschte Wochen och fir Diskussioune gesuergt. Sponsoring-technesch wieren dem FLH-President no awer keng Problemer do. Wéi och an anere Sportaarten ass de Manktem u Benevollen awer ee grousse Problem.

"Mir musse feststellen, datt mir op der Limitt sinn, wat de Benevolat ubelaangt. D'Leeschtunge steigere sech ëmmer méi, d'Oplage ginn ëmmer méi hefteg. Ech si frou, datt déi Ekipp nach ëmmer motivéiert ass. Ech denken awer, datt d'Ouverturen an de Ministèren an deenen nächste Méint ee Stouss Sauerstoff kéinte sinn."

D'Fro vum neien Hären-Nationaltrainer, wéi och d'Rumeuren iwwert de Comeback vun der BENELUX-Liga wäerten den nationalen Handball an deenen nächste Méint sécherlech weider beschäftegen.