D'Spillerin vum T71 Diddeleng weess eemol méi ze iwwerzeegen an huet op der U18-EM a Bulgarien gewisen, datt si zu deene Beschten an hirem Alter gehéiert.

Déi 17 Joer jonk Lëtzebuergerin huet am Match géint Rumänien net nëmme 40 Punkte markéiert, mee hat och nach 33 Rebounds, 8 Steals a 6 Assists. Ënnert anerem doduerch huet d'Lëtzebuerger U18 de Match géint Rumänien mat 92:82 gewonnen.

D'Lëtzebuergerinnen haten och schonns den éischte Match an der Gruppephas gewonnen, dat mat 63:62 géint Griicheland. Domat läit Lëtzebuerg am Grupp C op der éischter Plaz.

Vun alle Spillerinnen an der Divisioun B op der U18-EM huet d'Ehi Etute am Duerchschnëtt déi meescht Punkten an déi meescht Rebounds.

Déi jonk Spillerin vum T71 Diddeleng gouf déi lescht Saison am nationale Basket och zur beschter Spillerin vun der Saison gewielt. Donieft weess d'Ehi Etute och schonns an der A-Nationalekipp ze iwwerzeegen, wou si e wichtege Bestanddeel vun der Ekipp ass. Fir den T71 Diddeleng huet si donieft och am EuroCup staark Performancë gewisen.