Weltmeeschterin Hermoso mat Plainte gedreet, FIFA suspendéiert Rubiales

Déi spuenesch Futtball-Weltmeeschterinne gi géint den nationale Verband RFEF a säin ëmstriddene President Luis Rubiales op d'Barrikaden.
Déi 23 Spillerinnen, déi de leschte Sonndeg (20. August 2023) d'WM-Finall vu Sydney gewonnen haten, wëllen ënnert der aktueller Verbandsspëtzt net méi fir hiert Land untrieden.
"No allem, wat bei der Medaileniwwerreechung vun der Frae-WM geschitt ass, wäerten all d'Spillerinnen, déi dësen Text ënnerschriwwen hunn, eng nächst Selektioun net éieren, wann déi aktuell Féierung bäibehale gëtt", sou d'Weltmeeschterinnen e Freideg an enger Deklaratioun, déi vun der Spillerinnegewerkschaft Futpro verbreet gouf. Si stelle sech domadder gëeent hannert d'Jennifer Hermoso. Am Ganzen hunn 81 aktuell a fréier spuenesch Spillerinnen d'Schreiwes ënnerschriwwen.

© AFP
D'Offensivspillerin Hermoso huet e Freideg och der Duerstellung vum Verband, de Kuss mam Rubiales wier mat hirem Averständnis gewiescht, widdersprach. Dat hat d'RFEF e puer Stonnen no der Finall verbreet - an déi 33 Joer al Futtballerin wiertlech zitéiert.
E Freideg huet sech dat Ganzt elo ganz anescht unhéieren. "Ech wëll ganz kloer soen, datt ech zu kengem Zäitpunkt dem Kuss zougestëmmt hunn, deen hie mir ginn huet, an ech hunn och net versicht, dem President méi no ze kommen", sou d'Hermoso via Futpro.
De Rubiales hat sech een Dag no der Finall entschëllegt, weider Konsequenze leent hien of. Bei enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der RFEF e Freideg huet sech de 46 Joer ale Spuenier geweigert, vu sengem Posten zeréckzetrieden.
Den Disziplinarkomittee vum Futtball-Weltverband huet e Samschdeg awer selwer gehandelt an decidéiert, de Verbandschef Rubiales fir 90 Deeg ze suspendéieren. D'Spär gëllt vun e Samschdeg un fir den nationalen an den internationale Beräich. De Rubiales sollt iwwerdeems kee Kontakt vum Hermoso oder hirem Ëmfeld ophuelen.
Verband dreet Jennifer Hermoso mat Plainte
De spuenesche Futtballverband RFEF dreet der Futtballweltmeeschterin Jennifer Hermoso, esou wéi och Futpro, dem Syndicat vun de Futtballspillerinne mat enger Plainte.
De President vum spuenesche Fussballverband Luis Rubiales hat jo no der WM-Victoire vu Spuenien d'Spillerin Jennifer Hermoso op de Mond gekusst.
D'Spillerin seet, si hätt dat net gewollt, de President awer seet, d'Jennifer Hermoso hätt hien an enger Ëmaarmung opgehuewen.
An engem offizielle Statement schwätzt hie vun enger sozialer Hiriichtung. Zerécktriede wier keng Optioun.
De Verband RFEF huet Fotoen online publizéiert, déi de Luis Rubiales sollen entlaaschten. Doriwwer eraus gëtt d'Kierpersprooch vum Rubiales an Hermoso am Detail beschriwwen. Dës Biller solle beweisen, dass de Rubiales net gelunn huet.
D'Offensivspillerin Jennifer Hormoso hat an engem Statement gesot, si géing et net erlaben, dass hiert Wuert a Fro gestallt géing an eppes géing erfonnt ginn, sat si net gemaach oder gesot hätt.
D'FIFA-Disziplinarkommissioun huet iwwerdeems eng Enquête géint de Luis Rubiales, de President vum spuenesche Futtballverband, an d'Weeër geleet.
Weider Reaktiounen
Nieft 81 Spillerinnen, déi net méi fir d'Nationalekipp wëllen untrieden, ginn et och bei de Männer éischt Konsequenzen. Sou huet z.B. den Nationalspiller Borja Iglesias (Real Betis) matgedeelt, dass hien net méi wäert fir Spuenien spillen, soulaang sech net eppes ännert. Et kéint net sinn, dass sou Aktioune wéi déi vum Luis Rubiales, net bestrooft ginn.
Den Iker Casillas, fréieren Golkipp vun der Nationalekipp, huet sech um Portal X (fréier Twitter) och zu Wuert gemellt. Et misst ee sech "Fremdschämen", wann ee gesäit, wéi de Verbandschef sech behëlt. Änlech Téin komme vum David de Gea, deen nom Rubiales sengem Optrëtt sot: "Meng Ouere bludden".