Um Mëttwoch goufe fënnef Matcher vun de 1/16-Finallen an der „Lotterie Nationale Coupe de Luxembourg“ bei den Häre gespillt.

Ouni de Kapitän Max Schmit, dofir awer mat 10 Punkte Virsprong ass d'US Hiefenech aus der Nationale 2 an de Match géint den AB Contern aus der LBBL gestart. D'Gäscht hunn de Réckstand allerdéngs séier opgeholl a louchen am zweete Véierel bei 33:31 nëmmen nach 2 Punkten hannen. D'Lokalekipp konnt sech bis zur Paus e bësse Loft verschafen, d'Ekipp vum Trainer Alex Pires huet d'Säite beim Resultat vun 42:36 gewiesselt. Bei Contern huet et sécherlech och un der néideger Confiance gefeelt, nodeems d'Ekipp vum Trainer Gabor Boros de Sonnden op 50 Punkten zu Ettelbréck verluer hat. Hiefenech konnt sech no 40 ëmkämpfte Minutte mat 88:84 duerchsetzen. 5 Hiefenecher Spiller hu méi wei 10 Punkte markéiert, de Jonathan Janssen hat déi meeschte mat 25.

De Stater Racing setzt sech auswäerts mat 83:77 géint de BC Mess duerch. Nodeems d'Gäscht fréi am Match 30:11 a Féierung louchen, huet sech d'Heemekipp nees bis op zwee Punkten erugekämpft, um Enn huet de Racing awer d'Nerve behal a sech behaapt. En Tour weider sinn och d'Kordall Steelers aus der LBBL, déi sech mat 85:76 géint Munneref aus der Nationale 2 duerchsetze konnten. Den Tyler Frederick war mat 25 Punkte beschte Spiller bei der Ekipp vun der Trainerin Tara Booker. D'Black Frogs Schieren gewanne knapp mat 84:80 géint de Black Star Miersch. Nitia Beetebuerg aus der Nationale 3 setzt sech mat 65:40 géint de Préizerdaul duerch. Am nächsten Tour steet schonn Dikrech aus der Nationale 3, déi mat engem Forfait géint Käl weiderkomm sinn.

Um Donneschdeg ginn déi leschte véier Tickete fir déi nächst Ronn verdeelt, wougéint déi stäerkste sechs Ekippen aus der LBBL vun der leschter Saison direkt an den 1/8-Finalle stinn. Dës wieren: Amicale Steesel, T71 Diddeleng, Arantia Fiels, Basket Esch, Sparta Bertrange an d'Etzella Ettelbréck.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären