Dávid Gyáfrás kritt am Kampf géint Kriibs Ënnerstëtzung vun "Handballfamill"

© Ketty a Rom Hankes ( RTL Archiv)
De fréieren Topscorer aus der Axa-League an aktuellen Trainer vum Handball Bieles kämpft den Ament géint de Kriibs.
Den Eric Schmidt, Dany Scholten, Jeff Paulus an den HB Bieles organiséiere samschdes den 28. Dezember um 16.00 Auer um Kannercampus um Belval e Benefizmatch zu Gonschte vum Dávid Gyáfrás.
De Moment kämpft de beschte Buteur aus der Saison 2016/2017 an aktuellen Trainer vum Handball Bieles géint eng schwéier Krankheet. Dës Aktioun gëtt och vun der Handball-Federatioun FLH a villen anere Veräiner am Land ënnerstëtzt.
Bei dësem Benefizmatch wäerte fréier Spiller vun der Handball-Nationalekipp géint vill Spiller vum HB Esch, déi viru ronn 12 Joer an der Finall vum Challenge Cup stoungen, géinteneen untrieden. Mat dobäi sinn ënner anerem den Tom a Mike Majerus, de Martin Muller, de Marc Fancelli, den Eric Schmit, de Jeff Paulus an och de Max Kohl. Och vill fréier Mat- a Géigespiller vum Dávid Gyáfrás vu senge Statiounen zu Lëtzebuerg, vum Handball Käerjeng an HB Péiteng, wäerten deelhuelen.
Mat dësem Event wëll d'Handballfamill him weisen, datt hien net eleng do steet, an datt si och a schwéieren Zäite fir hien do ass, esou de fréieren Nationalspiller Dany Scholten, deen de Galamatch mat organiséiert.
Wann Dir wëllt, kënnt Dir den Dávid Gyáfrás a sengem Kampf ënnerstëtzen, dat ënnert follgender Kontosnummer: LU63 0023 1885 4425 7200, oder iwwer de QR-Code vum Handballveräi Bieles (mat der Mentioun Här Dávid Gyáfrás) oder iwwert de FundRaising.