Buccaneers kommen an d'Playoffs, d'Lions wanne Spëtzematch

© Photo by Julio Aguilar / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Villes war um leschte Spilldag an der NFL schonn decidéiert an et waren nach just e puer Playoff-Plazen ze kréien.
Grad an der NFC stoung nach villes um Spill. Am Fernduell hunn nämlech d'Tampa Bay Buccaneers an d'Atlanta Falcons sech ëm déi leschte Playoffplaz gestridden an am direkten Duell goung et tëscht de Lions an de Vikings ëm déi éischte Plaz an domadder engem Fräilous an der Wild Card Round.
An an dësem Spëtzematch, bei deem virun der Partie béid Ekippe 14 Matcher gewonnen haten, hu sech d'Lions aus Detroit kloer doheem géint d'Minnesota Vikings duerchgesat. D'Verdeedegung vun de Léiwe war um Topp an huet déi ganz Partie iwwer keen Touchdown a just dräi Fieldgoals zougelooss. Mat just 9 Géigepunkte war dat kee schwieregen Dag méi fir d'Offense vun de Lions, fir dës Partie ze gewannen, dat mat zum Schluss 31:9.
An Fernduell tëscht de Falcons an de Bucs hu sech béid Favoritten ufanks schwéier gedoen. Wärend et tëscht de Falcons an de Panthers ëmmer nees hin an hier gaangen ass, d'Panthers hunn zum Schluss an der Verlängerung mat 44:38 gewonnen, hunn d'Saints zu Tampa déi éischt Hallschent dominéiert. Eréischt nom Pausentéi koumen d'Buccaneers besser aus der Vestiaire an hunn aus dem 6:16-Réckstand eng 27:19-Victoire gemaach. Donieft huet de Receiver Mike Evans mam leschte Spillzuch vun der regulärer Saison de Ball gefaangen, deen him fir dës Saison iwwer 1.000 Yards erméiglecht huet. Dat ass him fir déi 11. Saison um Stéck gelongen.
Och an der AFC goung et nach ëm eng Plaz an de Playoffs. Hei haten d'Bengals hir Hausaufgabe gemaach an hu sech 19:17 bei de Steelers, déi hir Plaz an de Playoffs scho sécher haten, duerchgesat, mä d'Kansas City Chiefs hunn an dësem Zenario net matgespillt. Fir d'Chiefs, déi déi éischt Plaz an der AFC sécher haten, stoung näischt méi um Spill. Si hu géint d'Broncos hir Haaptleit quasi all geschount a si mat der B-Ekipp ugetrueden. Géint dës haten d'Ekipp aus Denver wéineg Problemer a behaapt sech mat 38:0, woumat ee sech déi leschte Plaz an de Playoffs konnt sécheren.
Iwwerbléck Wild-Card-Round
Wéi schonn erwäänt sinn déi Éischt aus der AFC (Chiefs) an der NFC (Lions) an der Wild-Card-Round spillfräi. Dono ass et u sech esou, datt déi beschtplacéiert Ekipp op déi trëfft, déi am schlechtste placéiert ass. Dobäi hunn déi Bescht ëmmer d'Heemrecht.
An der AFC wieren dat d'Bills doheem géint d'Broncos, d'Ravens doheem géint d'Steelers an d'Texans doheem géint d'Chargers. An der NFC hunn d'Eagles d'Heemrecht géint d'Packers, d'Buccaneers géint d'Commanders an d'Rams géint d'Vikings.
All d'Resultater am Iwwerbléck
Cleveland Browns - Baltimore Ravens 10:35
Cincinnati Bengals - Pittsburgh Steelers 19:17
Carolina Panthers - Atlanta Falcons 44:38
Washington Commanders - Dallas Cowboys 23:19
Chicago Bears - Green Bay Packes 24:22
Jacksonville Jaguars - Indianapolis Colts 23:26
Buffallo Bills - New England Patriots 16:23
New York Giants - Philadelphia Eagles 13:20
New Orleans Saints - Tampa Bay Buccaneers 19:27
Houston Texans - Tennessee Titans 23:14
San Francisco 49ers - Arizona Cardinals 24:47
Kansas City Chiefs - Denver Broncos 0:38
Seattle Seahawks - Los Angeles Rams 30:25
Los Angeles Chargers - Las Vegas Raiders 34:20
Miami Dolphins - New York Jets 20:32
Minnesota Vikings - Detroit Lions 9:31