De fréiere Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller Maurice Deville huet e Kontrakt bei der zweeter Ekipp vu Schalke ënnerschriwwen.

Den 32 Joer ale Stiermer war no der Trennung vun Hesper ouni Veräin. Do virdru war den Deville scho Profi an Däitschland bei ënnert anerem Saarbrécken, Mannheim a Kaiserslautern.