De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Gerson Rodrigues wiesselt bei AVS, dat huet d‘Ekipp aus der ieweschter Divisioun a Portugal matgedeelt.

Detailer iwwert d‘Durée si keng annoncéiert ginn. Den 29 Joer ale Stiermer, dee fir d‘lescht vun Dynamo Kiew bei Guangxi Pingguo Haliao an d‘zweet Divisioun a China ausgeléint war, soll emol bis Enn Juni a Portugal bleiwen. D‘Ekipp vu Vila das Aves steet am Moment op der 15. Positioun an der Tabell, 1 Punkt virun der Relegatiounsplaz an 3 Punkte virun der éischter Ofstigsplaz. Mam Eric Veiga ass schonn e Roude Léiw bei AVS.