Grouss Reunioun mat Vertrieder vu Ministèren, Gemeng, Schoulen a Club geplangt
Nëmme 5 Joer no der Grënnung vum Club steet de Mierscher Turnveräin virum Aus. Vun Ufank u goufen et Schwieregkeete mat Trainingsplazen.
Ëmmer nees goufen et Iwwergangsléisungen. Zënter September 2021 awer kënnen d‘Turnsektiounen an der Sportshal vun enger fréierer Schoul zu Béiwen an der Gemeng Helperknapp trainéieren. Mee och déi Hal fält gläich ewech, erkläert d'Lindsay Kelly, Presidentin vum Mierscher Turnveräin.
"Déi heiten Hal, wou mer elo dra sinn, gëtt renovéiert. An ab dem 15. Juli ass dann eben d'Saison aus. An duerno wësse mer net, wouhin. Mir hu 15 Gemenge gefrot, d'Arméi, sëllege Schoulen an alles. An et ass keen, deen eng Hal huet."
Den Turnveräin hat och bei der Mierscher Gemeng ugeklappt, mat der Iddi an enger Industriezon eng Lagerhal ze lounen, fir dann do en eegene Projet kënnen opzezéien an dat ganzt Material stoen ze loossen. D’Gemengeresponsabel ënnersträichen allerdéngs, dass dat net méiglech ass. Sou e Gebai misst jo och konform sinn an et géifen nach aner Veräiner an der Gemeng. Deemno kéint een net einfach sou e Projet komplett finanzéieren.
D'Gemeng Miersch baut allerdéngs e ganz neie Sportcampus mat engem voll ekipéierten Turnsall, ma deen ass eréischt fréistens 2032 fäerdeg. Dorop goufen d'Clubvertrieder bei der Grënnung vum Mierscher Turnveräin och higewisen. Fir d‘Elteren vun betraffenen Turnerinnen ass dat awer keen Argument.
"Démarrer le Club plus tard, oui, on peut imaginer que ça aurait changé quelque chose par rapport au local. Maintenant que cette demande -là a trouvé une réponse pendant ces cinq dernières années, on trouve un peu dommage et incompréhensible qu 'il n 'y ait pas quelque chose quand même qui émerge."
"Erstaunlich, dass in einem Land, wo man angeblich in Sport investiert und versucht die Kinder dazu zu überzeugen, dass sie nicht vor dem Bildschirm sitzen, sondern Sport zu machen, dass sie jetzt aufhören müssen. Ich habe 3 Kinder in dem Club. Ich möchte nicht, dass sie jetzt wieder im September nach einem neuen Club besuchen müssen.“
Virun allem well et och keng Garantie gëtt, séier iergendwou anescht ënnerzekommen. Vill Turnveräiner hunn nämlech laang Waardelëschten. Nieft den Turnerinne mécht sech och den Trainer vum Mierscher Turnveräin iwwert d’Zukunft Gedanken. Ëmmerhin huet hien e feste Kontrakt a verléiert bei enger Opléisung vum Club och seng Aarbecht.
De Sportsminister Georges Mischo sengersäits bedauert déi ganz Situatioun. Ma och säi Ministère kéint net einfach esou eng Hal oder eng Loyershëllef zur Verfügung stellen. D'Gemenge géifen d'Gebaier geréieren a géife mat Subside vum Ministère ënnerstëtzt ginn. D’Mataarbechter vum Sportsministère géifen och berode ginn, wéi ee virun allem funktionell kéint bauen.
Ob déi Optiounen, déi elo vläicht fir de Mierscher Turnveräin an Aussiicht stinn, och funktionell sinn, bleift ofzewaarden.
Op alle Fall huet sech de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend elo ageschalt a proposéiert, mat de Schoulen a Lycéeën an der Regioun en Arrangement ze fannen. Allerdéngs setzt dat viraus, datt op all deene Plazen Turnergeräter mussen zur Verfügung stoen. Speziell Geräter gëtt d'Lindsay Kelly ze bedenken, déi deels Verankerunge brauchen a sech net wéi e Gol an e puer Minutten op - an ofriichte loossen. Deemno kann ee gespaant bleiwen, wat bei der Reunioun elo am Mee erauskënnt. Nieft Vertrieder vum Bildungsministère wäerten do och Leit vum Sportsministère, der Gemeng Miersch, de betraffene Schouldirektiounen an dem Mierscher Turnveräin dobäi sinn.