Schonn an der Saison 2024/2025 huet de VC Mamer alles gewonnen, wat am Dammevolleyball ze gewanne war.

An och an der neier Saison huet ee mat enger souveräner 3-0 Victoire an der Supercoupe dës Ambitioun ënnerstrach. An awer ginn et e puer Verännerungen. Mam Ivo Iliev steet en neien Trainer un der Säitelinn. Den Iliev kënnt vum Volley 80 Péiteng, déi hir Ekipp aus der héchster Divisioun zréckgezunn hunn. Och vu Péiteng kënnt d'Attaquante Rusena Linord. E bëssen iwwerraschend ass d'Annonce vum Recrutement vun der Nationalspillerin Julie Teso an der Pass. Mat dräi zousätzleche Spillerinne vum VC Fenteng, dem VC Stroossen an dem Volley Bartreng konnt de Kader donieft staark verjéngt ginn.

Bei der Résidence Walfer hu se sech mat der "Pensioun" vum Nathalie Braas missen no enger neier Passeuse ëmkucken. Mam Louise Narbonne, aus Frankräich an dem Giorgia Vaccino vun der Gym Volley, konnt een der direkt zwou fir sech gewannen. Weider sollen déi jonk Wollmering, um Liberoposten a Kafaï El-Khorassani an der Mëtt aus der eegener Jugendaarbecht méi Verantwortung kréien. Bis d'Ekipp vum Laurent van Elslande awer nees direkt ëm den Titel matspille kann, wäert et awer sécherlech nach e bëssen daueren.

Um Radar sollt een awer dem Fabio Aïuto seng Gym Volley hunn. D'Ekipp huet sech wéineg verännert a kann deemno op der Aarbecht vun de leschte Joren opbauen. Eng intressant Entwécklung huet den Escher VBC an de leschte Jore gemaach. Geziilt Rekrutementer op de wichtege Positiounen an de Retour vum Katrina Reuter no der Babypaus, maachen déi Escher zu engem vun de Haaptfavoritten op de Playoff. Ganz vill Wiessel gëtt et beim VC Stengefort. Nodeems Palgen, Schmit, Heinen a Clemen hier Schong un den Nol gehaangen hunn, musse mat Paladino, Giacomino, Dascalu Alexandra, Hodzic, Boudot Millie a Kremer direkt 6 nei Spillerinnen integréiert ginn. Wéi hinnen dat geléngt, kënne si am éischte Match vun der MIXVOIP League Dames géint Gym Volley ënner Beweis stellen.

Méi staark anzeschätze wéi déi lescht Saison ass de Volley Bartreng. Niewent der routinéierter Isabelle Frisch (Volley 80 Péiteng) sinn och déi jonk Milic (VC Fenteng), Wolf (Salzburg) a Greco (Gym Volley) bei de Kader gestouss. Am Duell géint den Escher VBC kann een da scho gesinn, wéi kompetitiv déi nei zesummegesaten Ekipp vum Georgi Sabchev wäert sinn.
Nei an der héchster Divisioun ass de VC Fenteng. Obwuel si zwou Spillerinnen un direkt Konkurrente verluer hunn (Milic op Bartreng a Serwin op Mamer) huet sech d'Ekipp vum Marko Zlatic an de leschte Joren an der éischter Divisioun gutt konnten zesummen aspillen. Fir si wäert wichteg sinn, wéi séier ee sech kann un de méi héije Rhythmus an der MIXVOIP League gewinnen. Dëst kënne si eng éischte Kéier e Sonndeg géint d'RSR Walfer testen. Duerch de Réckzuch vum VC Fenténg dierf de Volleyball Iechternach eng weider Saison um héchsten Niveau bleiwen. Well dës Nouvelle no der Clôture vum nationalen Transfertmaart koum, konnt ee sech bis op d'Lena Gaffiné (RSR Walfer) net weider verstäerken. Den neie Coach Guilherme Bevilacqua huet eng schwiereg Missioun fir de Klassenerhalt ze packen. Am Match géint de VC Mamer dierft et jiddefalls kaum eng Iwwerraschung ginn.

Och dës Saison ginn d'Partië vun der ieweschter Divisioun am nationale Volleyball-Championnat an der RTL Live Arena gewisen.