Diddelenger Dammen an Häre mat klore Victoiren

Um Freideg war den Optakt vum drëtte Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an den Hären.
Hären
Den T71 Diddeleng setzt sech auswäerts mat 89:77 beim Opsteiger Kordall Steelers duerch. D'Gäscht hunn duerch getraffen Dräier gutt an de Match fonnt, an der Paus stoung et 47:30 fir den T71. D'Lokalekipp huet sech an der Schlussphas vum Match nach emol gewisen an de Réckstand op ënner 10 Punkte bruecht, Diddeleng huet sech awer net méi aus der Rou brénge gelooss. De Profispiller Mekhi Long konnt 31 Punkten fir Diddeleng markéiere, 22 Punkten konnt den Nationalspiller Joé Kalmes markéieren.
Dammen
Bei den Damme bleift den T71 Diddeleng no dräi Spilldeeg weider ongeschloen. Bei der däitlecher 78:49-Victoire géint Wolz huet sech d'Lokalekipp séier ofgesat, no engem staarken zweete Véierel ass d'Ekipp aus dem Süde mat enger 45:25 Féierung an d'Paus gaangen. Wolz hat net vill entgéint ze setzen, Diddeleng huet de Match geréiert an um Enn verdéngt gewonnen. D'Lauren Van Kleunen huet mat 27 Punkten iwwerzeegt an gouf vum Shalonda Winton (24 Punkten, 9 Rebounds, 7 Assists) ënnerstëtzt.