Handball-Coupematch tëscht Déifferdeng a Leideleng no 32:59 Minutten ofgebrach
E Freideg waren dann och d'Diddelenger Dammen am European Cup am Asaz. Fir si gouf et eng kloer Defaite op Malaga.
Kuerz nom Ufank vun der zweeter Hallschent an dat beim Score vun 23:13 gouf d'Partie vun der Coupe am Handball zu Uewerkuer ofgebrach. Wéi d'Red Boys op hirem Facebook schreiwen, hätt en technesche Problem dofir gesuergt, datt de Match huet missten ofgebrach ginn. Elo waart een op d'Decisioun vun der FLH, ob d'Resultat vun 23:13 esou ugeholl ka ginn, oder ob de Match muss frëschgespillt ginn. Am Text vum Déifferdenger Veräin heescht et weider, datt sech béid Ekippen u sech driwwer eens waren, datt de Match bei deem Score ka clôturéiert ginn.
D'Red Boys ginn awer och Entwarnung: Wéinst dem séieren Agräife vun der Déifferdenger Gemeng konnt assuréiert ginn, datt all d'Partie vum Samschdeg kënne gespillt ginn. Da steet och d'Suite vun de Coupematcher bei den Hären an den Dammen um Programm.
An der 2. Ronn vum European Cup am Dammenhandball huet um Freideg Owend den HB Diddeleng zu Malaga a Spuenien ganz héich verluer an zwar mat 42:14. De Retourmatch ass e Samschdeg den Owend och zu Malaga.
D'Red Boys Déifferdeng spillen e Samschdeg Mëtteg hiren Allermatch géint Skopje an dat a Nordmazedonien. Den 3. Vertrieder bei den Dammen ass den HB Käerjeng. De Lëtzebuerger Champion spillt e Samschdeg um 18 Auer den Allersmatch doheem géint Anagennisi Artas aus Griichenland.