Nationale Futtballdag3.000 Kanner tëscht 5 a 14 Joer konnten zu Ettelbréck kicken

RTL Lëtzebuerg
Zanter iwwer 30 Joer organiséiert d'FLF um Enn vun der Saison de Futtballdag, wou d'Jugend aus dem Land fir ee groussen Tournoi zesummekënnt.
null
Iwwer 3.000 Jonker hunn de Schluss vun der Saison agelaut.

286 Ekippe waren ugemellt, dat heescht iwwer 3.000 Kanner am Alter tëscht 5 a 14 Joer ware zu Ettelbréck aktiv. Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Futtballdag waren dann och 30 Meederchersekippe mat dobäi.

Ganzer 755 Matcher goufen iwwert de Weekend gespillt. Déi Jonk goufen a verschidde Kategorien agedeelt an du gouf eng Gruppephas an dono eng Ko-Phas gespillt. Fir d’Matcher ze leeden ware 65 offiziell Arbitter am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO