
An der Belsch koum de Laurent Jans bei der 1:2-Defaite vu Léck géint Gent net zum Asaz.
Bei Waasland-Beveren souz och den Danel Sinani 90 Minutten op der Bänk. D’Ekipp vum Lëtzebuerger huet auswäerts mat 3:2 géint Mechelen gewonnen.
An der éischter russescher Divisioun stoung de Sébastien Thill bei der 0:1-Defaite vum FK Tambov géint Rubin Kasan iwwer 90 Minutten um Terrain. Domat steet dem Lëtzebuerger säi Veräin weiderhin ob der zweetleschter Tabelleplaz.
An der 2. däitscher Bundesliga souz den Dirk Carlson iwwerdeems bei der 1:2-Defaite vu Karlsruhe géint Düsseldorf 90 Minutten op der Bänk.
An der ukrainescher Premier League ass et fir Dynamo Kiew e Samschdeg en 2:2-Remis géint Kolos Kovalivka ginn. Den Gerson Rodrigues huet vun Ufank u gespillt, ass an der Paus dann awer beim Stand vun 0:0 ausgewiesselt ginn.
Fir den 1.FSV Mainz ass et um 11. Spilldag an der Bundesliga eng weider Defaite ginn. Am Match géint den 1.FC Köln huet sech d’Ekipp vum Leandro Barreiro misse mat 0:1 geschloe ginn, de Lëtzebuerger Nationalspiller ass dobäi net zum Asaz komm.
An der Premier League an der Ukrain sinn e Freideg den Owend um 18 Auer Olimpik Donezk a Lviv openee gestouss. Hei war dann och vun Ufank un de Lëtzebuerger Spiller Enes Mahmutovic bei Lviv am Asaz. An der éischter Hallschent si béid Ekippen ouni Gol, also engem 0:0, an d’Kabinne gaangen.
No der Paus huet dunn an der 56. Minutt de Kravchuk den 1:0 fir Lviv geschoss. An der 76. Minutt war et dunn de Romanovskij, dee fir Olimpik Donezk den 1:1 Ausgläich markéiert huet. Den Enes Mahmutovic war déi komplett 90 Minutten um Terrain, seng Ekipp Lviv steet den Ament op der 12. Plaz an der Tabell.
Um 19 Auer du war et an der 3. Bundesliga de Match tëscht dem 1. FC Kaiserlautern vum Trainer Jeff Saibene an dem SpVgg Unterhaching. Déi éischt Hallschent war relativ ausgeglach an et ass bis an d’Paus kee Gol gefall. An der 50. Minutt huet dunn den Hasenhüttl den 1:0 geschoss, an dunn an der 75. Minutt war et de Greger, dee fir den 2:0 fir Unterhaching gesuergt huet Bei deem Resultat ass et dann och bliwwen, sou dass Kaiserslautern mat 0:2 verléiert an op der 15. Plaz an der Tabell den Ament steet.