2. Fräien Training live dëse Freideg um 16:55 Auer op RTL ZWEE an um RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vu Spuenien

RTL Lëtzebuerg
Ee fonkelneie Circuit! De Grousse Präis vu Spuenien ass vu Barcelona op Madrid geplënnert. Wie ka sech bei der spektakulärer Première duerchsetzen?

Dëse Weekend ass deen am Virdeel, deen am séierste léiere kann a sech am séiersten un en neie Circuit upasse kann. Am Nordoste vu Madrid, tëschent Stadzentrum a Flughafen, gouf eng nei F1-Streck gebaut. De "Madring" ass e Mix tëschent Stadcircuit (ronderëm d'Foire vu Madrid IFEMA) a permanentem Circuit. D'Architekten hunn do och eng Kéier gebaut, déi legendär kéint ginn: "La Monumental" huet eng Pente vun 13 Grad, ass mat ronn 500 Meter déi längste Kéier am ganze Kalenner an op béide Säite sti grouss Tribüne mat Plaz fir 45.000 Fans. Sportlech Previsioune si schwiereg. Am verwénkelten IFEMA-Deel kéint McLaren ee Virdeel hunn, de fléissende permanenten Deel kéint Mercedes besser leien.

Suivéiert de FORMULA 1 TAG HEUER GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken  

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Porsche Supercup: Réckbléck op d'Saison

Den Chester Kieffer huet seng éischt Saison am PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP als Rookie-Champion ofgeschloss. Mir kucke mat him op déi 8 Supercup-Courssen 2026 zeréck.
 
Wéi huet den Chester Kieffer déi kuriéis Titeldecisioun wärend engem roude Fändel selwer erlieft? Wou huet hien dës Saison déi gréisst Fortschrëtter gemaach? A wéi vill kritt hien op engem Weekend iwwerhaapt vum ganzen F1-Zirkus mat? De Lëtzebuerger Porsche-Supercup-Rookie-Champion 2026 ass live am Studio, fir seng Saison Revue passéieren ze loossen.

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Freideg, 11. September 2026:  16h55 – 18h05
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 12. September 2026: 12h25 – 13h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 12. September 2026:
Ufank vun der Emissioun: 15h55
Start vun der Qualifikatioun: 16h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Porsche Invité, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 13. September 2026: 14h15 – 14h20
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Chester Kieffer

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 13. September 2026:
Ufank vun der Emissioun: 14h20
Depart vun der Course: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h15
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl an Chester Kieffer

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner

11. bis 13. September: FORMULA 1 TAG HEUER GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2026
Madring - Spain

24. bis 26. September: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026
Baku City Circuit - Azerbaijan

9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore

23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States

30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO