Degueulass Provokatioun3 Geessekäpp am Kölner Stadion entdeckt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg muss den FC Köln am Rheinderby zu Düsseldorf untrieden. Ma dëse Match huet virum Upëff schonn e schlechten Nogoût.
© AFP

Kuerz virum Derby tëscht Düsseldorf a Köln um e Sonndeg um 15.30 Auer hunn Onbekannter 3 Geessekäpp op den Futtballterrain vum FC Köln gehäit. Dat huet d'Police confirméiert.

D'Maskottche vun de Kölner ass jo de Geessebock. Dofir geet ee vun enger Provokatioun aus. D'Spill tëscht den zwee Rivalen ass ee Spill wou d'Sécherheet grouss geschriwwe gëtt. Ronn 1.500 Beamten sinn am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO