
De Mikel Landa huet d'Kinneksetapp vun der Vuelta 2026 gewonnen. De Spuenier war de ganzen Dag iwwer an der Echappée an hat sech an der Schlussmontée, siwe Kilometer virun der Arrivée eleng dovunner gemaach. Um Enn hat hien eng Avance vu 47 Sekonnen op den Norweeger Tobias Johannessen an eng Minutt a 27 Sekonnen op de Belsch Ramses Debruyne.
De Leader Enric Mas an déi weider Generalfuerer sinn op der 187 Kilometer a 5.000 Héichtemeter schwéierer Etapp duerch d'Sierra Nevada hir eege Course gefuer. De Mas hat hei alles ënner Kontroll, huet an der Schlussmontée awer 17 Sekonnen op den Drëtte Felix Gall agebéisst. Den Zweete Primoz Roglic huet Zäit op de Mas an de Gall verluer.
De Mas huet virun der leschter Etapp eng komfortabel Avance vun zwou Minutten a 15 Sekonnen op de Roglic an zwou Minutten a 44 Sekonnen op de Gall.
Vum Mats Wenzel läit nach kee Resultat vir.
E Sonndeg kënnt d'Vuelta dann zu Granada un. Déi 21. Etapp ass offiziell als Flaachetapp klassifizéiert, ma op de leschte gutt 40 Kilometer geet de Circuit véier Mol erop bei d'Buerg Alhambra. Domadder dierft d'Etappevictoire éischter fir e Puncheur sinn an net fir e renge Sprinter.