"Restart Sports"5 Milliounen Euro sollen an d'Relance vum Sport gestach ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Hierscht gëtt dann och ënnert dem Motto "Lëtzebuerg lieft Sport" eng nei Campagne gestart, fir eng nei Philosophie an de Lëtzebuerger Sport ze kréien.
5 Milliounen Euro sollen an d'Relance vum Sport gestach ginn
54 Federatiounen an ëm déi 1.600 Veräiner ginn et hei zu Lëtzebuerg. Déi meescht vun hinnen hunn, genee wei och déi aner Secteuren, an der Kris gelidden.

Restart Sport - Reportage Jeff Kettenmeyer

Ënnert dem Titel “Restart Sports” gouf en Donneschdeg vum Sportminister Dan Kersch d’Konzept presentéiert, fir de Sport finanziell z’ënnerstëtzen.

Am Ganze wäerten eng 5 Milliounen Euro an de Relancement investéiert ginn.

Den Dan Kersch iwwer de Coordinateur sportif

Ënnert anerem hunn d’Gemengen d’Méiglechkeet, fir ee sougenannte Coordinateur sportif anzestellen, deen de Lien tëscht Schoul, Elteren, LASEP an de Clibb soll sinn, an domat des Zesummenaarbecht vereinfache soll.

Am Hierscht gëtt ënnert dem Motto “Lëtzebuerg lieft Sport” eng nei Campagne gestart, fir eng nei Philosophie an de Lëtzebuerger Sport ze kréien.

Donieft kënne Clibb och verschidde finanziell Hëllefen ufroen, wéi zum Beispill maximal 3.000 Euro fir international Manifestatiounen, déi wéinst der Corona-Pandemie hunn missten annuléiert ginn a schonns op mannst 5 Joer organiséiert goufen.

PDF: De kompletten Dossier

Back to Top
CIM LOGO