Exploit vum Patrizia van der Weken e Samschdeg op der Liichtathletik-Indoor-WM zu Glasgow a Schottland. D’Lëtzebuergerin huet et an d’Finall iwwer 60 Meter gepackt. Mat enger Zäit vu 7,15 Sekonnen ass si um Enn déi 7. ginn.
Gold huet sech d’Julien Alfred (6,98 Sekonnen) aus Saint Lucia geséchert. Sëlwer war fir d’Ewa Swoboda (7,00 Sekonnen) aus Polen a Bronze ass un d’Zaynab Dosso (7,05 Sekonnen) aus Italien gaangen.
Déi 7. Plaz op enger Indoor-WM ass fir d’Lëtzebuerger Liichtathletik een historescht Resultat. Bis ewell war déi 12. Plaz vum Bob Bertemes e Freideg dat bescht Resultat fir e Lëtzebuerger op enger Indoor-WM.
D’Patrizia van der Weken hat sech e Samschdeg de Moien an de Virleef mat enger Zäit vu 7,12 Sekonne souverän fir d’Halleffinalle qualifizéiert. Hei hat déi 24 Joer al Lëtzebuergerin misse bis zum Schluss zidderen. Um Enn ass de Chrono vu 7,13 Sekonnen awer duergaangen, fir den Ticket fir d’Finall ze léisen.
An hiren dräi Leef ass d’FLA-Athleetin ëmmer ganz no un hiren eegene Lëtzebuerger Rekord vu 7,09 Sekonnen erukomm.

De François Grailet ass iwwer 60 Meter Hecken e Chrono vun 8,10 Sekonne gelaf an ass domadder kloer iwwert sengem nationale Rekord vu 7,73 Sekonne bliwwen. Mat där Zäit hat hie keng Chance op d’Halleffinallen. Fir de Lëtzebuerger ass et um Enn déi 37. Plaz ënnert 41 Konkurrenten.

Um éischten Dag vun der Indoor-WM war d’Vera Hoffmann nach am Asaz. Fir si ass et net duergaangen, fir sech fir d’Finall iwwer 1500 Meter ze qualifizéieren.
Fir d’Lëtzebuerger Delegatioun ass d’Indoor-WM eriwwer.