E Freideg huet zu Glasgow a Schottland d'Liichtathletik-Indoor-WM ugefaangen.

Fir Lëtzebuerg ass et elo schonn eng historesch Liichtathletik-Indoor-WM. Nach ni hate sech véier Lëtzebuerger fir dëst Event qualifizéiert. E Freideg den Owend huet de Bob Bertemes du mat senger 12. Plaz am Bommstousse fir en historescht Resultat gesuergt. Bis ewell war eng 13. Plaz dat beschte Resultat vun engem Lëtzebuerger op enger Indoor-WM. Mat senger Wäit vun 20,30 Meter ass de Lëtzebuerger awer däitlech ënnert senger Top-Leeschtung aus dësem Wanter bliwwen.

De Bob Bertemes hat d'Bomm am 1. Versuch 19,74 Meter wäit gestouss. Am zweete Versuch konnt hie sech op 20,30 Meter steigeren. Säin drëtte Versuch war net gülteg, domadder war d'Kompetitioun fir hien eriwwer. Nëmmen d'Top 8 hu sech fir d'Finall qualifizéiert. Hei huet sech den US-Amerikaner Ryan Crouser mat 22,77 Meter d'Goldmedail geséchert. Sëlwer ass un den Neiséilänner Tom Walsh mat 22,07 Meter gaangen an den Italiener Leonardo Fabbri huet mat 21,96 Meter de Podium komplettéiert.

RTL

D'Vera Hoffmann um Enn vun der 1500 Meter Course / © AFP

Als éischt Sportlerin aus dem Grand-Duché war d'Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter fréien Owend am Asaz. Si ass mat enger Zäit vu 4 Minutten, 15 Sekonnen an 52 Honnertstel déi Véiert an hirem Virlaf ginn an ass eng nei Saison-Beschtzäit gelaf. Fir d'Finall konnt sech d'Vera Hoffmann awer net qualifizéieren. Dofir hätt si missen ënnert déi éischt dräi Leeferinne kommen. Um Enn ass et déi 19. Plaz ënnert 28 Leeferinnen.

RTL

© Screenshot

E Samschdeg sinn dann nach d'Patrizia van der Weken iwwer 60 Meter an de François Grailet iwwer 60 Meter Hecke gefuerdert.