Fir de Kont vum 2. Spilldag an der héchster russescher Futtballdivisioun huet de Oli Thill mat Ufa eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn.

An Däitschland ass de Maurice Deville e Sonndeg mat Waldhof Mannheim fir de Kont vum 1. Spilldag an der 3. Bundesliga zu Chemnitz ugetrueden. No 22 Minutte konnt de Lëtzebuerger mat engem Gol fir den 1:0 fir d'Auswäertsekipp suergen, ma duerch ee Selbstgol vum Seegert an der 55. Spillminutt stoung de Score no 90 Minutte bei 1:1.

Och de Leandro Barreiro war e Sonndeg am Asaz, dat awer am Kader vun engem Virbereedungsmatch vu Mainz géint Regensburg. De jonke Lëtzebuerger war an der 1. Eelef a gouf am Verlaf vun der Partie ausgewiesselt. Mainz koum net iwwer eng 1:2-Defaite eraus.

A Schweden stoung ee weidere Lëtzebuerger Nationalspiller um Terrain, dat am Kader vum 16. Spilldag an der ieweschter schwedescher Futtballdivisioun bei der Partie Norrköpping géint Östersunds. De Lars Gerson stoung bis déi 78. Spillminutt fir seng Faarwen um Terrain a konnt deemno der 3:0-Victoire säin Deel bäidroen.

Den Oli Thill konnt e Samschdeg zwar mat engem Assist fir den Tabidze säin Deel fir den tëschenzäitlech 2:0 bäidroen, no enger hallwer Stonn hat de Carp op 1:0 gesat, ma nom Téi louch de Rimm bei FC Ufa rof.

Krasnodar konnt nämlech an der zweeter Halschecht dräimol treffen an domat de Match 3:2 wannen. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf iwwerdeems 6 Minutte viru Schluss ausgewiesselt.