Beim 1. Lee Trail zu Ettelbréck konnt sech de Frank Schweitzer bei den Hären an d'Liz Nepper bei den Damme virun der Konkurrenz behaapten.

De Frank Schweitzer, zweefache Champion am Marathon, huet den Trailchampionnat iwwert déi kuerz Distanz gewonnen, dat virum Laurent Reichling an dem Sven Remakel, dem Spezialist vun de laangen Distanzen.

D'Liz Nepper konnt als éischt Dame iwwert d’Linn lafen an huet d'Fundament vun dëser Victoire am ganz géien Deel biergop geluecht. Si war deemno méi séier wéi d'Jil Ney a d'Claudine Bausch.