Dofir soll den Deel vum Sportsbudget am Staatsbudget och weider eropgoen. D'Federatioune sollen an dëser Legislaturperiode ganzer 106 Prozent méi kréien.

De Renforcement vun de Strukture vun de Federatiounen, dem COSL, de Veräiner an dem Sportsministère selwer ass eng absolut Prioritéit, sot de Sportminister Dan Kersch e Freideg op enger Pressekonferenz, wéi hien iwwert de Sportsbudget am Staatsbudget fir 2020 an déi nächste Jore geschwat huet.

D'Federatioune kréien d'nächst Joer zum Beispill 50,23 Prozent méi, wéi nach 2019. Dat heescht, et geet vu ronn 3 Milliounen op 4,58 Milliounen Euro an d'Luucht. An dëser Legislaturperiod soll et esouguer eng Augmentatioun vun 106 Prozent ginn. Fir den COSL sollen et 64 Prozent an där Zäit méi ginn, dat heescht vun aktuell 451.000 Euro op 731.000 Euro am Joer 2023.

Wat de Prozentsaz vum Sport am Staatsbudget ugeet, geet deen d'nächst Joer vu ronn 0,39 Prozent, op 0,31 Prozent zeréck. Esou mécht de Sportminister Dan Kersch d'Rechnung awer net. Hien huet léiwer 10 Prozent vun 10.000 Euro, wéi 20 Prozent vu 5.000 Euro.

Sportsministère Budjet / Frank Hippert (25.10.19)

Den Dan Kersch leet awer och ee vun den Haaptakzenter op de Sport an d'Beweegung an de Schoulen an an d'Structure d'accueil. Dofir wäert dann och d'Formation continue vun den Enseignantë weidergedriwwe ginn. Dofir ginn et gutt Kontakter mat der Uni.lu an dem Eneps. Weider ass d'Zesummenaarbecht mam LTPS an och dem Schoulministère extrem wichteg. Do gëtt och aktuell intensiv u Konzepter geschafft.

Hien huet dann awer och Gemenge couragéiert, nach méi Initiativen am non-formale Beräich, dat heescht Crèchen an Maison Relaisen, ze huelen. Am Moment sinn et just e puer Gemengen, de Sportminister géif et awer begréissen, wann ëmmer méi Gemengen dee Wee géingen aschloen, fir de Kanner an Jugendleche strukturéiert eppes unzebidden. D'Ënnerstëtzung, och op finanziellem Plang, wär vum Sportsministère garantéiert.

De Budget vum Liphs, dem Institut fir Heichleeschtungssportler, geet bannent 5 Joer vun 394.000 Euro op 1,4 Milliounen Euro an d'Luucht, dat ass eng Augmentatioun vun 260 Prozent. Den Liphs wäert verschidde Strukturen, wéi den High Performance Zenter an der Coque oder d'Sportfabrik zu Déifferdeng verwalten. Duerch de Qualité + ginn 3,2 Milliounen Euro un d'Veräiner ausbezuelt. De Budget vun der Antidopping-Agence geet och erop. Da gëtt et mam Nation Branding fir de Sport en neie Posten am Budget, wou ronn 500.000 Euro dra sinn. D'nächst Joer op den Olympesche Spiller wëll de Sportministere zu Tokio och an deem Kader Initiativen huelen. Do ass een natierlech och op d'Ënnerstëtzung vun anere Ministèren ugewisen. De Congé Sportif soll reforméiert an ausgebaut ginn. Den ziville Statut fir Héichleeschtungssportler soll kommen.

Am Prinzip soll de Sportlycée seng Plaz zu Mamer fannen. D'Coque soll nees dofir genotzt ginn, firwat se u sech do ass, nämlech prioritär vun de Federatiounen a vum Schoulsport. Problemer sinn dacks opgedaucht duerch d'strukturell Konzeptioun, dat heescht, well d'Coque en Etablissement public ass, dat sech zum Deel selwer huet missen droen. De Conseil Superieur gëtt och reforméiert. Et soll méi e klenge Gremium ginn, mat niewendrun als Experte fréier Lëtzebuerger Toppsportler.

Wat de neie nationale Futtballstadion ugeet, wollt den Dan Kersch dorop hiweisen, datt si als Sportministère net um Hiewel sëtzen, mä d'Stad Lëtzebuerg, a si als Ministère just e Subsid ginn. Als Sportsministère wäert een awer net méi wei 40 Milliounen Euro bäileeën.

Den Etienne Schneider soll jo als Minister ophalen. Dee Moment misst och de Poste vum Vizepremier nei verdeelt ginn. Am Fall, wou den Dan Kersch dee géif iwwerhuelen, wär dann do nach genuch Zäit, fir och Sportminister ze bleiwen? Op déi Spekulatioune wollt den Dan Kersch net agoen.

Ze soen bleift awer nach, datt et e neie Posten am Sportsbudget gëtt, an zwar ass den Deel vum Nation Branding, wat de Sport ugeet, elo ënnert der Responsabilitéit vum Sportsministère.