Beim ITU Triathlon Weltcup zu Lima am Peru ass eng 12. respektiv 29. Plaz fir zwee Lëtzebuerger erausgesprongen.

Den Triathlon op der kuerzer Distanz gewonnen huet iwwerdeems de Manoel Messias. De Brasilianer huet de Parcous an 52 Minutten an 30 Sekonnen hannert sech bruecht.

Dat war knapp eng hallef Minutt méi séier, wéi d'Zäit vum Stefan Zachäus, deen um Enn op déi 12. Plaz koum. Deen anere Lëtzebuerger, de Bob Haller, huet den Triathlon als 29. op iwwer annerhallef Minutten op en Enn bruecht.